François Tesch

Vu Wikipedia
François Tesch
Gebuer 16. Januar 1951
Educatioun INSEAD
Aktivitéit Manager
Famill
Papp Emmanuel Tesch


De François Tesch, gebuer de 16. Januar 1951, ass e lëtzebuergesche Manager.

Den eenzege Fils vum Emmanuel Tesch an der Thérèse Laval huet zu Aix-en-Provence Ekonomie studéiert an en MBA um INSEAD gemaach.

De François Tesch war mat der Christine Goblet d'Alviella (gebuer den 8. November 1951 zu Uccle, gestuerwen 1997) bestuet, enger Nokomme vun enger portugisesch-belscher Adelsfamill. D'Famill Goblet d'Alviella ass och mat der belscher Industriellefamill Boël verbonnen, iwwer de Grousspapp vun der Christine, de Félix Goblet d'Alviella, dee mat der Eva-Ernestine Boël bestuet war. Si hunn dräi Kanner, de Benoit (*1981), d'Emmanuelle (*1984) an den Owen (*1984)[1].

Berufflech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Seng berufflech Carrière huet als Finanzanalyst beim amerikanesche Chimiesgrupp W.R. Grace & Co ugefaangen, fir d'éischt fir 4 Joer zu New York an duerno fir 2 Joer zu Paräis.

Am Joer 1983 ass de François Tesch Generalsekretär vum Foyer ginn, enger Versécherungsgesellschaft déi säi Grousspapp Léon Laval gegrënnt hat an an där seng Famill nach ëmmer e wichtegen Aktionär ass. Vun 1986 bis Abrëll 2014 war hie Generaldirekter, duerno huet hien den Henri Marx als President vum Verwaltungsrot ofgeléist. Hien ass Administrateur-délégué vu Foyer Finance. Vun 2000 bis 2007 war hien och President vum Verwaltungsrot vu Foyer ier hien déi Funktioun aus Gouvernancegrënn engem onofhängegen Administrateur iwwerlooss huet[2].

Hien ass och Administrateur-délégué vu Luxempart, enger Investmentgesellschaft déi zum Grupp Foyer gehéiert[3].

Hien ass doriwwer eraus ënner anerem och fir d'Luxempart, zanter 1999, de Vizepresident vum Verwaltungsrot vum Satellittenoperateur SES. Hie war am Verwaltungsrot vun der BNP Paribas (Luxembourg) an hien ass an deem vun der Atenor Group. Hien ass President vu Financière de Tubize[4].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.fdlux.lu/en/page/fondation-violette-vie-christine-tesch-goblet-dalviella
  2. Foyer S.A., Rapport de Gouvernance d'Entreprise 2010, S. 7
  3. http://www.luxempart.lu
  4. http://investing.businessweek.com/research/stocks/people/person.asp?personId=902678&ticker=TUB:BB