Foyer

Vu Wikipedia
Foyer
De Sëtz vum Finanzgrupp Foyer S.A an der Zone d'activité "Am Bann" zu Leideleng.
Typ S.A.
Grënnungsdatum 1922
Sëtz Lëtzebuerg, Leideleng
Leedung François Tesch (President CA)
Marc Lauer (Generaldirekter)
Mataarbechter 800 (2023)
Ëmsaz 708,5 Milliounen EUR (2021)[1]
Produit Versécherungen, Finanzen
Homepage www.foyer.lu

D'Grupp Foyer ass eng lëtzebuergesch Finanzgrupp mat Sëtz zu Leideleng, déi hir Originnen am Versécherungssecteur huet.

D'Versécherungsgesellschaft Le Foyer[änneren | Quelltext änneren]

D'Assurancëgesellschaft Le Foyer, Compagnie Luxembourgeoise d'Assurances S.A. gouf den 28. Oktober 1922 mat engem Kapital vu 5 Millioune Frang ob Initiativ vum Léon Laval gegrënnt. De Sëtz war am Haus Moll um Eck rue du Casino a rue du Nord an der Stad.

De Léon Laval war vun 1922 bis 1941 an dunn nees vun 1945 bis 1957 President, de Max Lambert Vizepresident vun 1922 bis 1957, dëst souwuel vum Verwaltungsrot wéi vum Direktiounskommitee. De Joseph Bach, dee vum Foyer selwer bei sengem accidentellen Doud 1939 als “principal fondateur” bezeechent gouf, war Administrateur-délégué an den éischte Generaldirekter. De Max Menager war vun 1922 bis 1962 Administrateur, Inspecteur général an Direkter. Aner Grënnungsmembere vum Verwaltungsrot waren den Ernest Hamélius (bis 1937) an de Charles Bech (bis 1958)[2].

D'Aktivitéite vum Foyer si ganz séier iwwer d'Grenzen eraus gaangen. 1923 gouf e Büro am Saarland opgemaach. An den 1930er Joren hunn dës Aktivitéiten awer, wéinst der politescher Situatioun am Saarland, missen nees opgi ginn. 1924 gouf de Foyer a Frankräich aktiv an 1925 an der Belsch.

Am Zweete Weltkrich huet d'Zivilverwaltung 1941 d'Liquidatioun vum Foyer beschloss. Déi Decisioun ass awer ni ausgefouert ginn.

1947 huet de Foyer de lëtzebuergesche Portefeuille vun der Compagnie de Bruxelles iwwerholl. 1948 gouf decidéiert en neie Sëtz um Eck Avenue Guillaume an Escher Strooss an der Stad ze bauen.

Am Joer 1953 encaisséiert de Foyer fir d'éischt Primme fir méi wéi 100 Millioune Frang, wouvun iwwer d'Hallschent vu Lëtzebuerg kommen.

Nom Doud vum Léon Laval a Max Lambert gouf 1957 de Marc Lambert President vum Verwaltungsrot a Generaldirekter.

1970 klëmmt de Chiffre d'affaires fir d'éischt iwwer 1 Milliard Frang. Dat Joer drop plënnert de Foyer a säin neie Siège um Kierchbierg.

D'1970er Jore waren eng schwiereg Zäit fir d'Versécherungsgesellschafte well d'Regierung am Kampf géint d'Inflatioun hinnen net erlaabt huet hir Primmen ze hiewen[3].

1980 mécht de Foyer säi Kapital op. De Schwäizer Réckversécherer Swiss Re iwwerhëlt eng Participatioun vu 34,8 % am Kapital vun der lëtzebuergescher Versécherungsgesellschaft. Dës Participatioun gëtt 5 Joer méi spéit, am Accord mam Foyer, vum engleschen Assureur Guardian Royal Exchange iwwerholl.

Am Joer 1982 zitt de Foyer sech vum franséische Marché zeréck a verkeeft säi Portefeuille un d'franséische Grupp Le Secours. 1990 gëtt d'Gesellschaft schliisslech och de belsche Marché op andeems se hir Aktivitéiten un d'Royale belge verkeeft. De Foyer wäert eréischt 1996 nees eng international Aktivitéit, mat der Gesellschaft Foyer International, opbauen, déi Versécherungen an Europa am Kader vun der Déngschtleeschtungsfräiheet kommerzialiséiert.

1986 huet de Marc Lambert d'Generaldirektioun un de François Tesch ofginn, deen 1983 bei der Gesellschaft ugefaangen hat.

Am Abrëll 2014 gouf de Marc Lauer Generaldirekter vum Foyer an de François Tesch President vum Verwaltungsrot.

D'Grupp Le Foyer Finance[änneren | Quelltext änneren]

D'Joer 1990 markéiert eng strateegesch Reorientatioun vum Foyer, och en Vue vum europäesche Marché unique vun 1993. Aus der Versécherungsgesellschaft entsteet eng Grupp déi sech iwwer dat nächst Joerzéngt méi breet opstellt. D'Daachgesellschaft vun dëser Grupp ass d'Gesellschaft Le Foyer Finance S.A., där hire gréissten Aktionär d'Gesellschaft Luxunion S.A. ass, an där d'Familljen Laval, Lambert an Tesch hir Participatioun rassembléiert hunn. Den zweetgréisste Block vun Aktionäre sinn eng gréisser Zuel lëtzebuergesch Familljen a Privatleit mat méi klengen Undeeler[4].

E wichtege Schrëtt an der neier Strategie ass 1992 de Kaf vu Le Foyer Finance vun enger Participatioun vun 28,13 %, déi vun der BIL verkaf ginn ass, an der Participatiounsgesellschaft BIL Participations. BIL Participations gouf duerno a Luxempart ëmbenannt.

Entwécklung an den 1990er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Eng weider Diversifikatioun ass 1997 d'Grënnung vu Foyer Asset Management, déi sougenannten institutionellen Investisseure Servicer ubitt. Zwee Joer méi spéit koum den éischte Schrëtt an d'Verméigensverwaltung fir privat Clientë mam Gestionnaire de fortune Le Foyer, Ottaviani & Associés. Béid Gesellschafte gi spéider a Foyer Patrimonium ëmgedeeft. Mä och d'Versécherungsaktivitéite vun der Grupp sinn iwwer d'Joren ëmmer weider ausgebaut ginn, vill och iwwer Partenariater: Europe Assistance Luxembourg (1976 bis 2008), Cogere (1988), Le Foyer-Arag (1989), BIL-Vie (1992 bis 2000), Kooperatioun mat Wüstenrot (1992-2003), Foyer Re (1994 bis 2011), Le Foyer Santé (1999), Raiffeisen-Vie (2002) oder nach Schwäbisch-Hall (2004). Um lëtzebuergesche Versécherungsmaart ass de Foyer Nummer 1 am Net-Liewen-Geschäft an d'Nummer 2 am Liewe-Geschäft. Global ass de Foyer d'Nummer 1.

D'Joer 1999 markéiert eng wichteg, wann och erzwongen Etapp an der Entwécklung vum Foyer: Ufank vum Joer gëtt Guardian Royal Exchange, Aktionär zu 34,77 % vun der Grupp, vum franséische Versécherungsgigant Axa opkaf. Axa ass och um Lëtzebuerger Marché present a gëllt als drëttgréissten Assureur. D'Familljenaktionäre vum Foyer hunn direkt Moossname geholl fir sécher ze stellen, datt Axa keen Zougrëff op d'Gesellschaft kréich. D'Aktië vu Le Foyer Finance déi d'Gesellschaft selwer gehalen huet, goufe sou un d'Luxempart weidergereecht. Axa krut awer schlussendlech nëmmen d'gréng Luucht vun der Europäescher Kommissioun fir d'GRE z'iwwerhuele wa si d'Participatioun am Foyer géife verkafen[5]. D'Grupp Foyer huet dunn déi Aktië selwer zeréckkaf[6].

Gang ob d'Bourse vu Le Foyer S.A.[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'GRE-Operatioun ze finanzéiere gëtt d'Grupp fir d'éischt nei organiséiert an d'Versécherungsaktivitéiten (Liewen an Net-Liewen) mat der Verméigensverwaltung an enger neier Gesellschaft regroupéiert: Le Foyer, Compagnie luxembourgeoise S.A. Duerno gouf dës Gesellschaft, am Juni 2000, ob d'Lëtzebuerger an d'Bréisseler Bourse bruecht. De Präis vun der Aktië louch bei 39 Euro.

Le Foyer Finance verkeeft ronn 20 % vun der Compagnie. Dovu ginn awer ronn 5 % u Luxempart verkaf, Gesellschaft déi hirersäits zu ronn 35 % vu Le Foyer Finance kontrolléiert gëtt an déi och zu ronn 15 % Aktionär bei Le Foyer Finance ass. Le Foyer S.A. hält och, indirekt, eng kleng Participatioun a Le Foyer Finance.

De Marc Lambert ass bis zu sengem Doud 2004 de President vum Verwaltungsrot vu Le Foyer Finance bliwwen.

Entwécklung zanter 2000[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2005 ännert de Foyer säin Numm an aus “Le Foyer” gëtt einfach “Foyer”. D'Joer drop plënnert d'Gesellschaft vum Kierchbierg op Leideleng.

Am Joer 2009 huet Foyer S.A. seng Aktivitéiten an der Verméigensverwaltung an am Asset Management ausgebaut an déi belsch Grupp Capital-at-Work kaf, deen zu enger richteger Privatbank ausgebaut soll ginn[7].

Am Joer 2014 gouf Foyer S.A. nees vun der Bourse geholl, nodeems d'Gesellschaft eng Offer gemaach hat, fir all d'Aktien déi net vu Foyer Finance oder Luxempart gehale goufen (ronn 14 % vum Kapital), zu engem Präis vun 88 Euro zeréckzekafen[8].

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en)Rapport annuel - Foyer en 2021. calameo.com. Gekuckt de(n) 2023-04-16.
  2. Le Foyer S.A., Rapport annuel 2003, Luxembourg, 2004
  3. Le Quotidien: "Fiers d'être restés une entreprise familiale", Interview vun der Geneviève Montaigu mam Pit Hentgen, 7. November 2011, S. 2
  4. Le Foyer S.A.: Prospectus d'introduction en Bourse, Luxembourg, 19 Juin 2000, S. 39
  5. d'Lëtzebuerger Land: “L'actionnaire X”, 17. September 1999, S. 8-9
  6. d'Lëtzebuerger Land: “Le Foyer et Axa”, 10. Dezember 1999, S. 9
  7. Foyer S.A.: CapitalatWork Foyer Group, la future banque privée du Groupe Foyer, Communiqué de presse, 5 mai 2011
  8. Foyer S.A.: Communiqué de presse sur le projet de retrait de la cote des actions Foyer S.A., 11 avril 2014