Charles Bech

Vu Wikipedia
Charles Bech
Gebuertsnumm Charles Joseph Philippe Bech
Gebuer 24. August 1919
Lëtzebuerg
Gestuerwen 18. Februar 2000
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, USA
Aktivitéit Kampfpilot, Moler, Karikaturist, Testpilot
Famill
Bestuet mat Marie Constance Cloos
Papp Joseph Bech

De Charles Bech gebuer de 24. August 1919 an der Stad Lëtzebuerg[1] an och do gestuerwen den 18. Februar 2000, war e lëtzebuergeschen Zaldot.[2]

Hie war den eenzege Lëtzebuerger dee fir d'US-Airforce Asätz op enger B-17 Flying Fortress am 385. Bomb Group, no deem och de Krichsmusée zu Pärel genannt ass, geflunn ass.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Charles Bech seng Begeeschterung fir d'Fléien hat scho virum Krich ugefaangen. Hien huet säin éischte Fluch op enger Klemm mam Fred Welter gemaach, an huet 1937 säi Piloteschäin op enger Tiger Moth gemaach. Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, ass hie mat senger Famill iwwer Frankräich a Spuenien a Portugal komm. Vun do aus ass dem Charles säi Papp, de Joseph Bech, zesumme mam deemolegen Aarbechtsminister Pierre Krier den 12. September op London gefuer. De Charel, seng Schwëster Betty an hir Mamm sollten awer an Amerika goen. Sou koum et, datt de Charel sech den 2. Oktober 1940 zu Lissabon op der Excambion, engem Four-Aces-Schëff, ageschëfft huet an den 11. Oktober zu New York u Land gaangen ass. Um Schëff waren ausser him och nach de Justizminister Victor Bodson a spéidere Minister Jean Dupong.[3]

De Gedanken un d'Fléien huet hien awer net méi lassgelooss, a sou huet e sech den 2. Abrëll 1941 bei d'Kanadesch Loftwaff gemellt. Do gouf hien an der 11th Elementary Flying Training School um Cap-de-la-Madelaine bei Trois-Rivières als Kampfpilot ausgebilt.

Nom japaneschen Ugrëff op Pearl Harbor am Dezember 1941 hu vill Amerikaner déi mat him bei de Kanadier geflu sinn, sech an d'US-Airforce gemellt a se hunn dem Charles gefléift dat och ze maachen. Fir dat kënnen ze maachen, huet hien awer missen d'amerikanesch Nationalitéit unhuelen, sou datt hien huet missen op d'Awëllegung vun der Goussherzogin Charlotte waarden. Den 22. Oktober 1942 war et dunn souwäit, an hien huet säin amerikanesche Militärdéngscht um Bolling Field am District of Columbia als Private ugefaangen.[4] No engem allgemengen Test koum hien op d'Kelly-Fluchfeld wou e grëndlech medezinnesch ënnersicht gouf, ier en op d'Fluchfeld vu Waco koum wou en op enger Vultee BT-13 weider ausgebilt gouf an du schliisslech um South Plains Army Airfield zu Lubbock am Texas säin Ofschloss als Militärpilot gemaach huet. Kuerz drop gouf hie Leitnant genannt a krut säi Brevet als Kampfpilot. Vu Lubbock aus koum en dunn op d'Lockbourne Army Airfield bei Columbus am Ohio. Do krut en de leschte Schlëff op enger B-17E, e Modell deen nach just am Training geflunn gouf. Et goung da weider op Salt Lake City am Utah wou d'Ekippen zesummegestallt goufen, déi dunn um Fluchfel vun Ardmore e leschten Training gemaach hunn a wou se hire Fliger kruten, eng B-17F. Iwwer eng Etapp am Nebraska goung et du weider op d'Dow Army Airfield zu Bangor am Maine wou d'Ekipp hir Iwwerséipabeieren an eng komplett nei Ausrëschtung krut. Am Mäerz 1944 gouf de Charles Bech mat senger Ekipp an England detachéiert. Mat enger Grupp vun nach 14 B-17 ass hien um Newfoundland Airport bei Gander an der kanadescher Provënz Neifundland a Labrador a Richtung schottesch Küst gestart, wou se Etapp um Fluchfeld vu Prestwick gemaach hunn.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Amerikanesch Gielercher    Lëtzebuergesch Gielercher
Bronze Star Officier vum Ordre de la couronne de chêne
Distinguished Flying Cross Croix de Guerre 1940-1945
Air Medal Médaille des volontaires luxembourgeois de la guerre de 1940 1945
European–African–Middle Eastern Campaign Medal mat 6 Stären Croix d'honneur et de mérite militaire mat Band a Palmen
Service Medal Officier de l'Ordre du Merite Civil et Militaire d'Aldolphe de Nassau
Victory Medal

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Luxembourg, Registres d'état civil, 1796-1941," database with images, FamilySearch (https://familysearch.org/ark:/61903/3:1:3QS7-897V-3VZ2?cc=1709358&wc=9RTB-FM9%3A130045801%2C132838901: 21 August 2019), Luxembourg > Naissances 1915-1922 > image 402 of 883; Archives nationales de Luxembourg (National Archives), Luxembourg.
  2. Fédération des enrôlés de force - Charles Bech. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 2020-09-12.
  3. Passagéierlëscht vun der Excambion.
  4. "United States World War II Army Enlistment Records, 1938-1946," database, FamilySearch (https://familysearch.org/ark:/61903/1:1:K8PF-C4F: 5 December 2014), Charles J Bech, enlisted 22 Oct 1942, Bolling Field, Anacostia, District Of Columbia, United States; citing "Electronic Army Serial Number Merged File, ca. 1938-1946," database, The National Archives: Access to Archival Databases (AAD) (http://aad.archives.gov: National Archives and Records Administration, 2002); NARA NAID 1263923, National Archives at College Park, Maryland.