385th Air Expeditionary Group
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |




D'385th Air Expeditionary Group ass eng provisoresch Unitéit vun der US Air Force déi dem Air Mobility Command ënnersteet, a jee no Bedarf aktivéiert oder desaktivéiert ka ginn. Hir lescht Basis war d'Incirlik Air Base an der Tierkei. Vun 2018 bis 2022 wéi se desaktivéiert gouf, war se mat 6 Schwadrounen dem 379th Air Expeditionary Wing op der Al Udeid Air Base am Katar zougedeelt[1],[2].
Am Zweete Weltkrich
[änneren | Quelltext änneren]D'385th Bombardment Group war eng Bombergrupp vun de United States Army Air Forces déi am Zweete Weltkrich iwwer Europa aktiv war. D'Grupp huet aus 4 Schwadroune bestanen, a war tëscht dem 17. Juli 1943 an dem 20. Abrëll 1945 296 Attacke geflunn. Hir Bommefligere ware B-17 Flying Fortress.
No 1947 gouf se an 385th Strategic Aerospace Wing ëmbenannt an duerno nach eng Kéier an 385th Air Expeditionary Group
Wéi se bis an England stationéiert war, stoung d'Grupp ënner dem Kommando vun der 8. Airforce. Den éischten Asaz gouf de 17. Juli 1943 iwwer Amsterdam geflunn, et goung kee Fliger veluer awer d'Bombardement hat och net dat gewënscht Resultat, fir net ze soe guer keent. Och déi nächst véier Sortië vu 6 am Mount Juli hate praktesch kee Resultat, et goungen awer 7 Fligeren an Ekipagen derbäi verluer.
De Big B- Berlin gouf den 3., 4., 6, 8. Mäerz 1944 bombarbéiert. Wichteg Ziler duerno ware Ludwigshafen, Frankfurt an Osnabrück. d'Grupp war vum Juli 1943 bis Abrëll 1945 am Ganzen 296 Attacke geflunn. Dobäi goufen 129 Flying Fortress ofgeschoss a 40 Stéck waren aus soss Ursaachen oder bei Zesummestéiss erofgefall[3]
Komponenten
[änneren | Quelltext änneren]Als 385th Bombardment Group (Dezember 1942 - Juni 1945)
[änneren | Quelltext änneren]- 548th Bombardment Squadron (Blue)
- 549th Bombardment Squadron (Yellow)
- 550th Bombardment Squadron (Red)
- 551th Bombardment Squadron (Green)
Fluchfelder wou d'Grupp stationéiert war
[änneren | Quelltext änneren]- Februar 1943: Geiger Field zu Spokane am Staat Washington -- 47° 37’ 12’’ N 117° 32’ 2’’ W
- Abrëll 1943: Great Falls AAB bei Great Falls am Montana-- 47° 30’ 17’’ N 111° 11’ 14’’ W a verspreet op nach dräi anere Fluchfelder.
- Enn Mee 1943: Kearney AAF bei Kearney am Nebraska -- 40° 43’ 37’’ N 99° 0’ 24’’ W
- 19. Juni bis Enn vum Krich: Great Ashfield an England -- 52° 15’ 20’’ N 0° 56’ 37’’ O
- 18. Juni 1945 bis zur Opléisung de 27. August 1945: Bradley Airfield bei Windsor Locks am Connecticut -- 41° 56’ 21’’ N 72° 41’ 0’’ W
Kommandanten
[änneren | Quelltext änneren]- Col. Elliott Vandevanter vu Februar 1943 bis August 1944
- Col. George Y. Jumper vun August 1944 bis Mee 1945
- Lt. Col. H.T. Witherspoon Mee a Juni 1945
- Col. William H. Hanson Juni a Juli 1945
Zesummenhank mat Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Bei enger Kollisioun tëscht zwou B-17 iwwer der Uertschaft Pärel waren déi zwou Maschinnen erofgefall an 18 Besatzungsmemberen hunn hiert Liewe verluer. Zu Pärel erënnert e Monument an de 385th Bomb Group-Musée un dat Krichsevenement.
De Lëtzebuerger Charles Bech, Bouf vum Minister Joseph Bech war vu Mäerz 1944 bis Dezember 1944 Pilot an där Unitéit.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gallant Unit Citation Awarded to 385th Air Expeditionary Group During Inactivation Ceremony
- ↑ 385th AEG celebrates year anniversary
- ↑ D'Lëtzebuerger am Krich 1940-1945 - Eng kleng Natioun erzielt, Club des Jeunes Ell, ISBN 2-9599925-1-2