Ernest Hamélius
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Ernest Hamélius, gebuer den 13. September 1857 zu Housen, a gestuerwen de 26. September 1959 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Banquier. Hie war Direkter vum Crédit foncier a vun der Spuerkeess.
Den 23. Juni 1885 gouf hie mat der Jeanne Marie Hubertine Matelet bestuet.
Vum 7. Dezember 1908 u war hie Member vum Staatsrot a vum 10. Juni 1932 bis de 16. November 1945 President vun där Institutioun.[1]
Den Deputéierte Jean Georges Hamélius war säi Papp.
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Grand-Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1932)[2]