Schiggerisgaass

Vu Wikipedia
Rue du Nord
Numm lb: Schiggerisgaass
fr: Rue du Nord
Fréieren Numm lb: Bonneggässelchen,
Kusack
fr: Rue de Kudesach
Längt ca. 180 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2229
Koordinaten 49° 36’ 46.1’’ N
      06° 07’ 56.7’’ O


D'Schiggerisgaass (offiziell: rue du Nord) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg; se verleeft vum Conrotseck (Kräizung Groussgaass mam Krautmaart an der rue du Palais de Justice) a Richtung Norden an dann a Richtung Weste bis op d'Theaterplaz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 11. Joerhonnert gouf d'Strooss als „Bonneggässelchen“ ernimmt, den Numm "rue du Nord" krut se 1825 well se topographesch gesinn am Norde vum Stadzentrum louch. Well et deemools eng Sakgaass war, gouf se dunn och nach Kusack oder Rue de Kudesach (ofgeleet vun cul-de-sac) genannt. Ëm d'Joer 1890 gouf se du bis op d'Theaterplaz verlängert.

De lëtzebuergeschen Numm deen haut nach deelweis am Gebrauch ass, geet op d'Schiggerisfabréck [1] zeréck, déi den Auguste de Saint-Hubert do bedriwwen huet.

Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert hunn, hu misse verschidde Stroossen nei benannt ginn, well et vereenzelt Odonymmen e puermol gouf. Aus der „Rue du Nord“ zu Hamm gouf d'Rue des Peupliers an zu Bouneweg ass d'„Rue du Nord“ a Rue des Trévires ëmgenannt ginn[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue du Nord (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fabrique de chicorée de Saint-Hubert op www.industrie.lu, dem Site vun der Industriegeschicht vu Lëtzebuerg
  2. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11