BIL Participations

Vu Wikipedia

BIL Participations S.A. ass eng op der Lëtzebuerger Bourse kotéiert Investitiounsgesellschaft déi 1992 an Luxempart ëmbenannt gouf.

D'BIL Participations war e Genre Spinn-Off vun der Banque internationale à Luxembourg (BIL). An dëser Gesellschaft goufen deemools der Bank hir Participatiounen a grousse Lëtzebuerger Gesellschaften zesummegeluecht. Dozou hunn Aktië vun der CLT, der SES, der Cegedel, der Cargolux an der Luxair gehéiert.

Doduerch datt d'BIL Participations dunn op d'Bourse bruecht a bal zur Hallschent verkaaft gouf, huet d'Bank kënnen hir Participatiounen zu Geld maachen. Dëse Schrëtt ass domat z'erkläre gewiescht, datt den deemolegen Aktionär vun der BIL, de Groupe Bruxelles Lambert vum Albert Frère, d'Rentabilitéit vun der Bank wollt an d'Luucht setze fir d'Bank ob hiert d'Kärgeschäft ze konzentréieren.

1992 huet d'BIL e groussen Deel vun hiren Aktien an der BIL Participations (52 %) un e Grupp Investisseure verkaaft mat un hirer Spëtzt de Le Foyer Finance, d'Mammegesellschaft vun der Versécherungsgesellschaft Foyer.