Bourse vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bourse)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Bourse vu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Bourse (Homonymie).
Economic template.svg Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Logo vun der Bourse de Luxembourg

D'Bourse vu Lëtzebuerg, Société de la bourse de Luxembourg s.a., ass duerch e Gesetz vum 30. Dezember 1927[1] an e groussherzoglechen Arrêté vum 22. Mäerz 1928[2] geschaaft ginn.

D’Société anonyme vun der Bourse de Luxembourg gouf den 5. Abrëll 1928, mat 7000 Aktien zum Präis vun 1000 Frang gegrënnt [3].

Den 1. Februar 1929 gouf déi éischt Lëscht vun den agreéierte Banken, Banquieren an Händler, déi duerften op der Bourse handelen, publizéiert[4] [5] [6].

Déi éischt Bourse-Sessioun, mat 22 cotéierte Gesellschaften, war de 6. Mee 1929. De Sëtz war op Nummer 11, an der Neipuertsgaass.

Am Januar 2014 ass d'Bourse an en neit Gebai geplënnert an ass elo op 35A, Boulevard Joseph II.

D'Lëtzebuerger Bourse ass an der Cote vun Obligatiounen an Investmentfongen (OPC) spezialiséiert. 2005 ware 24.292 Emprunten op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert. D'Hallschent dovu sinn an Euro ausgedréckt. Hiren Ëmsaz huet 2000 4.591,3 Milliounen Euro erreecht, mat engem Undeel vun 73 % vun den Emprunten, déi an Euro libelléiert sinn. Et ginn och Aktië cotéiert (242 Positiounen am Joer 2004, dovu 44 Aktië vu Lëtzebuerger Gesellschaften). D'Lëtzebuerger Bourse publizéiert en eegenen Index, de LuxX.

De Generaldirekter ass de Robert Scharfe.

E puer Meilesteng[änneren | Quelltext änneren]

Presidente vum Verwaltungsrot[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bourse vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Mémorial A N° 1 vum 07. Januar 1928 Säit 5
  • Mémorial A N° 15 vum 31. März 1928 Säit 2
  • Mémorial A N° 22 vum 28. Abrëll 1928 Säit 19
  • Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Luxemburger Wort vum 6. Februar 1929, Säit 3
  • Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am L'Indépendance luxembourgeoise vum 7. Februar 1929, Säit 3
  • Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Tageblatt vum 7. Februar 1929, Säit 3