Bourse (Studium)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der finanzieller Ënnerstëtzung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bourse (Homonymie).

Eng Bourse ass eng finanziell Ënnerstëtzung fir Studenten, Schüler, jonk Wëssenschaftler, Sportler oder Kënschtler, déi hinnen hëllefe soll ze studéieren an hir Bildung oder Leeschtung ze verbesseren.

Et gëtt Krittären, wien eng Bourse kritt a wien net. Déi Krittäre variéiere mat all Bourse a spigele meeschtens d'Wäerter an den Zweck vun der Organisatioun déi se stëft erëm. Dacks sinn déi Krittären de schouleschen, akadeemeschen oder sportleche Verdéngscht vun där Persoun. De Manktem u finanzielle Mëttele spillt och dacks eng Roll, mä ass generell net den eenzege Krittär.

Eng Bourse muss am Géigesaz zum Prêt net zeréckbezuelt ginn.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Bourse vum Staat fir Studenten. Si ass segmentéiert; sou gëtt et eng Basisbourse vun 2000 Euro fir all Student dee bestëmmt Krittären erfëllt[1], eng Mobilitéitsbourse fir Persounen, déi am Ausland studéieren a wunnen, eng sozial Bourse, déi vum Akommes vum Stot ofhänkt, an deem ee wunnt, an eng Familljebourse, déi ee kritt, wann nach aner Kanner aus deemselwechte Stot studéieren.[2] (Stand: Summer 2015)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. E Beispill vu sou engem Krittär: d'Persoun muss entweeder déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn; eng aner EU- oder EWR-Nationalitéit hunn; zënter mindestens fënnef Joer zu Lëtzebuerg wunnen; oder politesche Flüchtling sinn. Anere Krittäre sinn ënner anerem, datt den Diplom am Land vum Studium unerkannt muss sinn.
  2. STAATLICHESTUDIENBEIHILFEfür Hochschulstudien (Editioun 2014/2015)