À la Bourse

Vu Wikipedia
À la Bourse
2019
Land Lëtzebuerg
Adress Eck Groussgaass/Um Gruef
Koordinaten 49° 36’ 42.5’’ N 06° 07’ 53.4’’ O
Baustil Modernismus
Architekt(en) Léon Leclerc
Statut Klasséiert Monument (SSMN)
Datum vum Bau 1934
À la Bourse (ëm 1930)
À la Bourse (ëm 1950)

À la Bourse war e bekannt Kleedergeschäft an der Stad Lëtzebuerg; et louch um Roude Pëtz, um Eck vun der Groussgaass an dem Gruef.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat Gebai, dat haut nach besteet, gouf 1934 no de Pläng vum Architekt Léon Leclerc gebaut. Zur selwechter Zäit goufen am Gruef och nach aner modernistesch Geschäftshaiser (Jenny Grünstein, 1932 a Sternberg, 1935) opgeriicht; dëst huet et erlaabt d'Rue du Fossé méi breet ze maachen a sou der Regierung hir Iddi ze verwierkleche fir eng Verbindung tëscht dem Garer Quartier an dem Eecher Bierg unzeleeën.

Wärend dem 2. Weltkrich gouf d'Geschäft vum däitsche Besatzer confisquéiert an "Zur Börse" ëmgenannt[1].

De Buttek huet Enn 2012 seng Dieren definitiv zou gemaach; deemools hu 16 Employéen hir Aarbecht verluer[2]. D'Gebai ass duerno komplett renovéiert ginn an en neit Geschäft, eng Filial vun enger internationaler Kleeder-Chaîne, huet am Summer 2014 Ouverture gefeiert. D'Nimm vun den Enseignen hunn duerno nach e puermol, gewiesselt.

Den 29. November 2012 gouf et op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter klasséiert.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: À la Bourse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Renée Wagener: "Vom Wanderhandel zum Kaufhaus - Die jüdischen Geschäftsleute in und um die Stadt Luxemburg" (PDF), 2013, an ons stad Nr. 103.
  2. Plan social signé pour les salariés du magasin „A la Bourse“ op dem Internetsite vum OGBL, fir d'lescht gekuckt de 15. Februar 2015
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).