Albert Frère

Vu Wikipedia
Albert Frère
Gebuertsnumm Albert Pol Oscar Ghislain Frère
Gebuer 4. Februar 1926
Fontaine-l’Évêque
Gestuerwen 3. Dezember 2018
Gerpinnes
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Geschäftsmagnat
Famill
Kanner Gérald Frère, Charles-Albert Frère, Ségolène Frère


De Baron Albert Frère, gebuer de 4. Februar 1926 zu Fontaine-l'Évêque a gestuerwen den 3. Dezember 2018[1],[2], war e belsche Finanzinvestisseur a Milliardär. Hie gouf als de wichtegsten Entreprener vun der Belsch an ee vun den aflossräichsten an Europa ugesinn. Hie war déi räichst Persoun an der Belsch.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Geschäftleches[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vun engem klengen Entreprener den Neel a Ketten hiergestallt huet, ass den Albert Frère gläich no der Schoul an de Familljebetrib erageklommen. Aus der Entreprise gouf d'Handelshaus Frère-Bourgeois an de jonke Frère huet sech am Alter vun 30 Joer a Richtung Stolindustrie gedréint. Hien huet Participatiounen un de Walzwierker vu Ruau an duerno un de Schmëtte vun Thy-Marcinelle-Monceau an Hainaut-Sambre opkaaft. Enn vun den 1970er Joren huet hie praktesch all d'Schmelze ronderëm Charleroi kontrolléiert. Als ee vun den Éischten hat hien d'Stolkris opkomme gesinn an huet Enn vun den 1970er Jore seng Schmelzen un de belsche Staat verkaaft.

Mat dem Kapital dat en doraus gemaacht hat, huet hien zesumme mam kanadesche Geschäftsmann Paul Desmarais déi Schwäizer Pargesa Holding SA gegrënnt. Am Joer 1982 huet Pargesa déi belsch Holding Groupe Bruxelles Lambert (GBL) iwwerholl. Domat huet hien dBanque Bruxelles Lambert (BBL) kontrolléiert a sech un der Medienentreprise CLT bedeelegt, där d'Majoritéit vum RTL Group gehéiert huet. Hie war och un der belscher Assurancëgesellschaft Royale Belge an der belscher Pëtrolsfirma Petrofina bedeelegt. 1986 huet hien dÉditions Dupuis kaaft a se duerch d'Editioun vu Comicken zu engem éischtklassege Verlag am franséischsproochege Raum gemaacht.

Mam Verkaf vun der BBL un déi hollännesch ING Groep, dem Verkaf vun der Majoritéit vun der RTL Group un d'Bertelsmann AG, vun der Royale Belge un déi franséisch AXA a vum belschen Energieconsortium Tractebel un de Grupp Suez ass et dem Frère reegelméisseg gelongen, seng Bedeelegung un enger nationaler Entreprise géint eng Bedeelegung un enger méi staarker multinationaler Entreprise ze tauschen. Am Joer 2005 war hien duerch seng Holding-Gesellschaft mat 25,1 % u Bertelsmann bedeelegt, mat 3,6 % un der Pëtrolsfirma Total, mat 7,2 % un der franséisch-belscher Entreprise Suez a mat 26,4 % um Paräisser Mineralkonzern Imérys.

Bertelsmann huet den 1. Juli 2006 dem Frère seng Participatioun nees opkaaft, woumat Bertelsmann erëm vollstänneg der Famill Mohn an enger Stëftung gehéiert huet. Domat gouf eng vun der GBL geplangt Cotatioun op der Bourse verhënnert.

Am Joer 2002 gouf dem Albert Frère säi Verméigen op 11 Milliarden Euro geschat; 2007 op 3 Milliarden. Hie war deen eenzege Belsch deen an der Forbes-Lëscht vun de räichste Leit op der Welt opgefouert gouf.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

Den Albert Frère war bestuet an hat dräi Kanner. Mat senger éischter Fra der Nelly Poplimon hat hien e Fiss, de Gérald a mat senger zweeter Fra, der Christine Henning, zwee Kanner, d'Ségolène an de Charles-Albert, deen 1999 bei engem Autosaccident am Alter vun 19 Joer gestuerwen ass.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Ritter vun der franséischer Éierelegioun (19. Dezember 1978)
  • Däitscht Bundesverdéngschtkräiz 1. Klass (4. November 1980)
  • Offizéier vun der Éierelegioun (24. Februar 1993)
  • Commandeur vun der Éierelegioun (10. Abrëll 1997)
  • Lëtzebuerger Ordre de la couronne de chêne (1998)
  • Groussoffizéier vun der Éierelegioun (15. Mee 2000)
  • Grand officier vum belschen Ordre de Léopold (arrêté royal du 27 octobre 2004)
  • Grousskräiz vun der Éierelegioun (2014)[3]

1994 gouf den Albert Frère vum Kinnek Albert II. vun der Belsch zum Baron geadelt[4],[5].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard Thomas, 2018. Albert Frère (1926-2018): Un baron au pays des Schtroumpfs. Une histoire du capital belge au Grand-Duché. d'Lëtzebuerger Land vum 14. Dezember 2018, Nr. 50, S. 10.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Finanzinvestor Albert Frère ist tot op wort.lu den 3. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt de 4. Dezember 2018
  2. Albert Frère am Alter vun 92 Joer gestuerwen op rtl.luden 3. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt de 4. Dezember 2018
  3. Freddy Thielemans wordt officier in de Franse Légion d'Honneur .... Zakenman Albert Frère mag zich de hoogste titel aanmeten: hij draagt het grootkruis. op standaard.be (De Standaard) den 12. Mee 2014, fir d'lescht gekuckt de 4. Dezember 2018
  4. Décès de l'homme d'affaires belge Albert Frère, hommages de figures du CAC 40 op lepoint.fr (Le Point) den
  5. Qui était le baron Albert Frère? op lavenir.net den 3. Dezember 20187, fir d'lescht gekuckt de 4. Dezember 2018