Léon Laval

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Auguste Marie Léon Jean genannt Léon Laval, gebuer de 24. Juni 1880 zu Eech, gestuerwen de 27. August 1957 zu Steesel, war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Geschäftsmann an Deputéierten. Hien ass virun allem bekannt als ee vun de Grënner vun der Versécherungsgesellschaft Foyer.  

Famill a Studien[änneren | Quelltext änneren]

De Léon Laval war de Fils vum Chamberpresident Auguste Laval an d'Kandskand vum Schmelzhär Auguste Metz. Hien huet säi Studium zu Oochen als Dokter-Ingenieur mat der Thes Experimentelle Untersuchung des Thomasprozesses ofgeschloss.

Hien huet 1917 d'Anne Marie Blanche Tudor bestuet, d'Duechter vum Henri Owen Tudor. Si haten dräi Kanner, d'Madeleine (genannt "Manon"), déi de Marc Lambert bestuet huet, den Auguste-Charles (genannt "Tom"), an d'Thérèse (genannt "Tessy"), déi den Emmanuel Tesch bestuet huet.

De Léon Laval war ee vun den Ierwe vum Industriellen Auguste Dutreux vun deem hien 1954 ënner anerem d'Schlass Kockelscheier geierft huet.[1]  

Beruffsliewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Léon Laval seng berufflech Carrière huet 1907 bei der Diddelenger Schmelz ugefaangen, wou hie Generalsekretär gouf. No der Fusioun zur ARBED 1911, gouf hien de Generalsekretär vum neie Grupp. An der ARBED ass hien 1918 an de Collège des commissaires komm ier hien 1920, wéi säi Papp virdrun, Member vum Verwaltungsrot gouf.

1916 gouf de Léon Laval als Liberale fir d'Period 1916/1917 an d'Chamber gewielt. 1918 war hien e Member vun der Constituante.

De Léon Laval war awer virun allem e Geschäftsmann. 1919 grënnt hie mat sengem Brudder André d'Société générale pour le commerce de produits industriels à Luxembourg (SOGECO), eng Handelsgesellschaft fir d'Produkter vun der Lëtzebuerger Stolindustrie. Vun 1923 bis 1928 huet d'Sogeco souguer d'Exclusivitéit fir der HADIR hir Produktioun ze kommerzialiséieren. D'Sogeco ass spéider virun allem eng Holding gewiescht fir Participatiounen an anere Gesellschaften ze halen.[1]

Nodeem hien e klengen Assuranceportefeuille kaf hat, huet de Léon Laval zesumme mat aneren, 1922 d'Versécherungsgesellschaft Le Foyer gegrënnt. Hie gouf President souwuel vum Verwaltungrot wéi vum Direktiounskomittee, wat hien, mat enger Ënnerbriechung am Zweete Weltkrich, bis 1957 bliwwen ass. Dat deeglecht Geschäft gouf awer bis 1939 vum Joseph Bach gefouert, dem éischte Generaldirekter an Administrateur délégué vum Foyer.[2]

Iwwer seng Fra hat de Léon Laval och e Fouss an der S.A. des Accumulateurs Tudor, wou hien Administrateur délégué gouf. Hien huet um Maart sou vill wéi méiglech Aktië kaf. D'Kontroll iwwer d'Firma krut hien nodeem hie vum Geriicht d'Tutelle iwwer dem Henri Tudor seng zweet Duechter Marie Antoinette krut. Dës Prozedur war äusserst kontrovers. Ëmmerhin hat och dem Meedche seng Mamm d'Tutelle gefrot. De Léon Laval hätt allerdéngs seng Relatioune mam Riichter benotzt fir zu sengem Zil ze kommen.[3]

Vun 1925 bis 1948 war de Léon Laval Vizepresident vum Verwaltungsrot vun der Chambre de commerce, wou hien de Grousshandel representéiert huet.

An den 1930er Jore war hien och President vum Nouvel Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg.  

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

De Léon Laval war nom Amarsch vun der Wehrmacht aus dem Land fortgelaf. Wéi hie kuerz drop nees zréck op Lëtzebuerg koum, ass hie vun der Gestapo zur Resistenz gezielt ginn.[4] De 27. Mee 1941 ass hie vun der Gestapo festgeholl ginn an an de Prisong am Gronn komm. De 16. Juli ass hie fir d'éischt op Tréier komm ier hien am Juni 1942 iwwer d'KZ vun Hinzert an aner däitsch Prisonge verluecht gouf. Hien ass eréischt am Abrëll 1945 nees fräi komm.

Während de Léon Laval an däitscher Gefaangenschaft war, ass hien ënner Drock gesat gi fir d'Societéit Tudor u säin däitsche Konkurrent d'Akkumulatorenfabrik AG (AFA, duerno Varta) vum Günther Quandt ze verkafen. Scho viru sengem Emprisonnement war de Léon Laval vum Quandt gefrot ginn d'Societéit ze verkafen. Hie war awer héchstens bereet en Drëttel vun den Aktien ze verkafen. De Quandt huet net gezéckt mam Lëtzebuerger weider ze verhandele wéi dee schonn a Gefaangenschaft war. Ee Mataarbechter vun der AFA huet hie souguer a Begleedung vun der Gestapo am Prisong besicht. Et ass dem Quandt awer net gegléckt d'Kontroll iwwer d'Societéit Tudor ze kréien.

De Léon Laval war nom Krich am Günther Quandt sengem Entnaziféierungsprozess vu 1948 e Belaaschtungszeie vun der Uklo a Partie civile. Dem Laval säin Affekot huet awer bedauert, "dass Dr. Laval den Prozess mit einem Übermaß an Ressentissement führen will". Seng Zeienausso hätt dem Ugeklote schlussendlech méi gehollef wéi geschuet. De Quandt ass just als "Mitläufer" aklasséiert ginn.[5]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch, 1963. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule XII.
  • Antoine Wehenkel, 2017. Un grand patron dans la tourmente. Léon Laval. In: Henri Wehenkel, Entre chien et loup, S. 149-160. Editions d'Lëtzebuerger Land.
  • Antoine Wehenkel, 2002. Chronique de la Famille Pescatore, Luxembourg, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique.
  • Antoine Wehenkel, 2015. Biographies luxembourgeoises (9): Léon Laval. Un grand patron dans la tourmente. d'Lëtzebuerger Land Nr. 37 vum 11. September 2015, S. 12-13.
  • Rüdiger Jungbluth, 2002. Die Quandts, Campus Verlag, Frankfurt/Main.
  • Le Foyer, 2004. Rapport annuel 2003, Luxembourg.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Antoine Wehenkel, Chronique de la Famille Pescatore, Luxembourg, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, 2002, p. 182
  2. Le Foyer: Rapport annuel 2003, Luxembourg, 2004, S.14
  3. Antoine Wehenkel, Chronique de la Famille Pescatore, Luxembourg, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, 2002, pp. 184-186
  4. Rüdiger Jungbluth, Die Quandts, Campus Verlag, Frankfurt/Main, 2002, pp. 181-182
  5. Rüdiger Jungbluth, Die Quandts, Campus Verlag, Frankfurt/Main, 2002, pp. 221-225
  6. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen