Société anonyme des accumulateurs Tudor

Vu Wikipedia
D'Fabrick zu Rouspert ëm 1905.

D'Société anonyme des Accumulateurs Tudor war d'Aktiëgesellschaft an där den Henri Owen Tudor Batterien op Basis vu senger Erfindung produzéiert huet.

Den Henri Tudor hat sech fir d'Produktioun mat sengem Brudder Hubert a sengem Koseng Nikolaus Josef Schalkenbach zesummegedinn. D'Produktioun vu Batterien huet 1886 zu Rouspert ugefaangen. Parallel ass awer ganz séier e ganze Reseau vu Gesellschaften an Europa entstanen déi dem Tudor seng Erfindung applizéiert hunn, mä an deenen d'Lëtzebuerger net d'Majoritéit vum Kapital haten.

An Däitschland huet sou den Adolf Müller d'Accumulatoren Fabrik Tudor'schen Systems Büsche & Müller zu Hagen gegrënnt. D'Bridder Tudor waren och mat am Kapital. Déi Fabrick krut 1888 d'Exklusivitéit fir d'Mäert vun Däitschland, Éisträich-Ungarn, der Schwäiz an de skandinavesche Länner. D'Firma huet sech 1889 a Müller & Einbeck ëmbenannt ier se schonn e Joer drop, 1890, zur Accumulatoren-Fabrik Aktiengesellschaft Berlin-Hagen (AFA) gouf. De Müller hat déi méiglech Konkurrenten AEG an d'Siemens & Halske mat an d'Kapital geholl. D'Bridder Tudor waren dogéint net méi am Verwaltungsrot vun der Gesellschaft. D'AFA huet 1904 d'Distributiounsfilial Varta gegrënnt, en Numm deen zanter 1964 d'ganz Firma dréit.

D'Bridder Tudor hu sech selwer d'Exklusivitéit fir England, Frankräich, d'Benelux-Staaten, Italien a Spuenie gehalen.

Am Joer 1892 ass sou d'Société Française des Accumulateurs Tudor zu Faches-Thumesnil bei Lille entstanen. Déi Firma gouf awer 1901 mat Accumulateurs Pulvis[1] fusionéiert an d'Compagnie Générale d'Electricité (CGE), déi spéider Alsthom, huet d'Kontroll iwwerholl.[2]

An England ass 1895 d'Tudor Accumulator Company Ltd. zu Dukinfield am Greater Manchester gegrënnt ginn. Si gouf vum Henri Tudor sengen Eedemen, dem Antoine, Théodore a Paul Pescatore geleet. 1904 gouf si vun der AFA iwwerholl, déi d'Kontroll awer mam éischte Weltkrich nees verluer huet.

D'Exclusivitéit déi d'Bridder Tudor sech gehalen hunn, huet hire Partner Müller net dovun ofgehalen och an dëse Länner aktiv ze ginn. D'Sociedad Española del Acumulador Tudor SA gouf sou 1897 zu Saragossa gegrënnt. D'Aktionnaire waren, majoritaire, de Lucien Collérier, dee Schwäizer Finanziere vertrueden huet, d'Société Française des Accumulateurs Tudor s.a. (15 %), d'AFA (15 %) an, fir méi kleng Participatiounen, de Paul Faure, den Henri Tudor an den Adolph Müller. Den Henri Tudor krut doriwwer eraus 2,5 % vum Ëmsaz fir d'Lizenz op senge Patenter.[3] Zanter 2008 huet déi Societéit den Numm Exide Technologies SA.

Zu Rouspert gouf bis 1908 produzéiert. D'Fabrick war ze kleng fir mat der Produktioun nozekommen a louch ze vill isoléiert fir effikass ze schaffen. Dobäi koum, datt d'Fabrick fir den Export a Länner produzéiert huet déi net am Däitschen Zollveräin waren, wat héich Zolltaxë fir d'Importer an d'Exporter mat sech bruecht huet.

Schonn am Joer 1901 hatten d'Tudoren eng Fabrick zu Florival am wallounesche Brabant gegrënnt, déi 1908 och d'Produktioun vu Rouspert mat iwwerholl huet. Florival gouf dunn d'Haaptfabrick vun der S.A. des Accumulateurs Tudor.

Beim Henri Tudor sengem Doud, 1928, hält d'Famill Tudor-Pescatore 3.738 vun de 6.000 Aktië vun der S.A. des Accumulateurs Tudor. Dem Tudor seng dräi Kanner krute jiddwereent een Drëttel vun den Aktien. Duerno huet de Léon Laval d'Kontroll iwwer d'Firma iwwerholl. Duerch säi Bestietnes mat engem vun de Meedercher vum Tudor, d'Opkafe vun aneren Titren an doduerch, datt hien d'Tutelle iwwer dem Tudor säin zweet Meedchen erstridden huet, krut hie mat senger Firma SOGECO eng Majoritéit vum Kapital.[4]

Am Zweete Weltkrich huet de Besëtzer vun der AFA, de Günther Quandt, probéiert d'Kontroll iwwer d'Accumulateurs Tudor S.A. ze kréien andeems hien de Léon Laval, deen an de Prisong komm war, ënner Drock gesat huet. Et ass him awer net gelongen un deem seng Aktien ze kommen.[5]

D'Fabrick vu Florival gouf am Mee 1940 vun der Luftwaffe bombardéiert, konnt awer séier nees hir Aktivitéiten ophuelen. Si gouf an där Zäit vun de Bridder Nicolas an Théodore Ries geleet.

Zu Lëtzebuerg goufen d'Tudor-Produite vun 1949-1961 vun der Sogeco, fir d'industriell Batterien, an Accinauto importéiert. Vun 1962 u bis 1980 huet de Comptoir technique et industriel d'Vertriedung fir déi industriell Batterien iwwerholl.[6]

Nom Doud vum Léon Laval, 1957, huet säi Fils Auguste-Charles d'Direktioun vun Accumulateurs Tudor zu Florival iwwerholl. Mat senger Erfarung am Batteriesecteur huet hien 1967 d'Grënnung, am Joer 1976, vun der Accumalux ugestouss. Spéider war och den Dominique Laval zu Florival aktiv.[7]

1990 gouf Accumulateurs Tudor vun der franséischer Compagnie Européenne d'Accumulateurs (CEAC), der deemoleger Nummer 1 um europäesche Maart fir industriell Batterien, iwwerholl. D'Firma hat zanter e puer Joer Verloschter gemaach. Hunn 1987 nach 500 Leit zu Florival geschafft, waren et der 1990 just nach 300.[8]

1995 gouf d'CEAC du vun Exide, der weltwäiter Nummer 1, kaf, déi 1995 och d'Sociedad Espanola del Acumulador Tudor kaf huet.[9] D'Produktioun, déi dat Joer nach bei 850.000 Autosbatterië louch, gouf 1996 agestallt. Zu Florival ass just nach en Distributiounszenter bliwwen.[10] Ufank 1997 gouf d'Société anonyme ob Exide emgedeeft.

Batterië mat der Mark Tudor gëtt et awer weider.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ernest Reiter: L'impact de l'invention d'Henri Tudor sur le développement de l'industrie de l'accumulateur au plomb, in: Revue Technique Luxembourgeoise, 3/2006[11]
  • Antoine Wehenkel: Chronique de la Famille Pescatore, Luxembourg, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, 2002
  • http://www.rail.lu/tudor.html

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.scriponet.com/salle.php?idP=3386
  2. http://achft.ville-fachesthumesnil.org/indus_03.php
  3. Javier Loscertales: Deutsche Investitionen in Spanien 1870-1920, Franz Steiner Verlag Stuttgart, 2002, p. 241
  4. Antoine Wehenkel, Chronique de la Famille Pescatore, Luxembourg, Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, 2002, pp. 184-186
  5. Rüdiger Jungbluth, Die Quandts, Campus Verlag, Frankfurt/Main, 2002, pp. 221-225
  6. Archive copy Archivéiert op 2012-02-18. Gekuckt de(n) 2011-10-24.
  7. http://www.foyer.lu/fr/file/rapport_gouvernance/593?id=9412
  8. Le Soir: "La société Todur à Florival, passe sous le contrôle français", Bruxelles, 17 janvier 1990, p.11
  9. EXIDE FINALIZES ACQUISITION OF COMPAGNIE EUROPENNE d'ACCUMULATEURS S.A., AND ANNOUNCES DIVIDEND, Pressecommuniqué vum 18. Mee 1995
  10. Le Soir: "Les usines Tudor à plat à Florival", 21 décembre 1995, p. 19.
  11. http://www.aliai.lu/YT2010/wp-content/uploads/2009/01/rt20063b.pdf