André Prost

Vu Wikipedia
André Prost
Gebuer 2. Mee 1926
Gestuerwen 13. Dezember 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot, Politiker
Partei Demokratesch Partei
Famill
Papp Victor Prost

Den André Prost, gebuer den 2. Mee 1926 a gestuerwen den 13. Dezember 1982, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker (DP).[1]

Bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 gouf de Victor Prost als Deputéierten op der Lëscht vun der demokratescher Partei am Walbezierk Osten an d'Chamber gewielt. Hien ass bis zum Enn vu sengem Mandat 1964 an der Chamber bliwwen.[1]

No deem hie jorelaang Affekot war, gouf hien Nottär fir d'éischt zu Rammerech an duerno zu Bouneweg.[1]

1969 gouf den André Prost President vum Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg.

De Victor Prost war säi Papp.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Noruff op den André Prost an der 25. Sëtzung vun der Chamber de 14. Dezember 1982

n]] [[Kategorie:Lëtzebuergesch Nottär