Christine Schweich
Christine Schweich | |
---|---|
Gebuer |
8. Dezember 1983 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
D'Christine Schweich gebuer den 8. Dezember 1983 an der Stad,[Source?] ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Lokalpolitikerin (LSAP, zanter 2023 DP). Si ass am Gemengerot vun der Gemeng Monnerech a war tëscht 2013 an 2017 do och Buergermeeschtesch.[1]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Christine Schweich ass zu Monnerech opgewuess. Hire Papp ass Generalist zu Monnerech.[2] Si huet zu Aix-en-Provence, zu München an zu London Droit studéiert.[3]
Gemengepolitik
[änneren | Quelltext änneren]An hirer Zäit als Studentin gouf si vun de Monnerecher sozialistesche Politiker Jean Orlando an Dan Kersch kontaktéiert, fir op der Lëscht vun der LSAP bei de Gemengewalen unzetrieden.[4] Deemools huet si nach ofgesot, gouf dunn 2008 awer nach eng Kéier gefrot a si ass politesch aktiv ginn.[4]
Bei de Gemengewalen 2011 krut si déi drëttmeescht Stëmmen op der sozialistescher Lëscht an d'LSAP déi absolut Majoritéit.[2] Zwee Joer drop ass de Buergermeschter Dan Kersch Inneminister ginn an d'Christine Schweich huet säin Amt iwwerholl. De Jean Orlando, den Zweetgewielten op der LSAP-Lëscht 2011, hat hir de Virrang iwwerlooss.[2],[5] Si war zu deem Zäitpunkt 30 Joer al an domat déi jéngst Buergermeeschtesch am Land.[4]
Als LSAP-Spëtzekandidatin bei de Gemengewalen 2017 krut d'Christine Schweich zwar déi meescht Stëmme vun alle Kandidaten[6] an d'LSAP ass déi stäerkst Partei bliwwen (39% vun de Stëmmen), mee si huet hir absolut Majoritéit verluer an 11 % manner Stëmme wéi bei de Wale virdru kritt. Doropshin hunn d'CSV an d'DP hu koaléiert an de Jeannot Fürpass (CSV) gouf Buergermeeschter.[7],[8]
Bei de Gemengewalen 2023 war d'Christine Schweich erëm d'Spëtzekandidatin vun der LSAP.[9] No de Walen huet si d'LSAP verlooss fir Member vun der DP ze ginn.[10]
Aner Funktiounen
[änneren | Quelltext änneren]Zënter 2014 ass d'Christine Schweich d'Tresorière vum Exekutivbureau vun hirer Partei.[11],[12],[13],[14]
Si war eng vun de Verantwortleche vu "Jonk Jeeër", enger Grupp an der Jeeërfederatioun,[15] a war Member am Verwaltungsrot vun natur&ëmwelt.[16]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ tageblatt.lu: Christine Schweich übernimmt vum Desislava Schengen (4. Dezember 2013)
- ↑ 2,0 2,1 2,2 tageblatt.lu: Gewinner steht fest, Ausgang ist offen vum Armand Back (3. Oktober 2017)
- ↑ Luxemburger Wort: Monnerich: Christine Schweich für Dan Kersch (5. Dezember 2013)
- ↑ 4,0 4,1 4,2 lessentiel.lu: «Ma vie ressemble à un TGV qui n'a pas de freins», Interview mam Emmanuelle Ravets (29. Januar 2014)
- ↑ gouvernement.lu: Assermentation du nouveau bourgmestre et d’un nouvel échevin de la Commune de Mondercange (19. Dezember 2013)
- ↑ tageblatt.lu: Intrige in Monnerich vum Dhiraj Sabharwal (10. Oktober 2017)
- ↑ wort.lu: Jeannot Fürpass wird Bürgermeister vum Michel Thiel (9. Oktober 2017)
- ↑ lequotidien.lu: Mondercange : Le LSAP sera dans l’opposition vum Guillaume Chassaing (11. Oktober 2017)
- ↑ rtl.lu: Christine Schweich Spëtzekandidatin bei Gemengewalen (2. Juni 2023)
- ↑ "Christine Schweich erkläert Wiessel bei DP." rtl.lu, 27.06.2023-
- ↑ lessentiel.lu: Claude Haagen succède à Alex Bodry (30. Mäerz 2014)
- ↑ wort.lu: Haagen und Cruchten wollen weitermachen vum Teddy Jaans (16. Mäerz 2016)
- ↑ tageblatt.lu: Franz Fayot und der neue Stil der Sozialisten vum Pol Schock (24. Januar 2019)
- ↑ reporter.lu: Sozialisten mit neuer Doppelspitze (7. Mäerz 2022)
- ↑ lessentiel.lu: Les jeunes chasseurs jouent la carte séduction vum Joseph Tripodi (25. November 2010)
- ↑ land.lu: Wer ist hier Jäger? vum Peter Feist (13. Mäerz 2015)