Gemeng Reckeng op der Mess

Vu Wikipedia
Gemeng Reckeng op der Mess
D'Märei zu Reckeng
An anere Sproochen fr: Reckange-sur-Mess
de: Reckingen/Mess
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Chef-lieu Reckeng op der Mess
Buergermeeschter Carlo Muller
Awunner 2.734
  1. Januar 2023
Fläch 2.042 ha
Héicht 319 m
Koordinaten 49° 33’ 40’’ N
      06° 00’ 25’’ O
LAU-Code LU0210
Websäit http://www.reckange.lu/


D'Gemeng Reckeng op der Mess ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Reckeng op der Mess vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Reckeng op der Mess läit am Süde vum Land am Kanton Esch-Uelzecht an huet eng Gesamtfläch vun 20,42 km². Dovu sinn 56,6 ha mat Bësch bedeckt. D'Mess fléisst duerch d'Uertschafte Reckeng op der Mess, Éileng a Wickreng[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1784 hu sech d'Uertschafte Éileng, Lampech, Piisseng, Reckeng op der Mess, Riedgen a Wickreng zesummegedoe fir d'Gemeng Reckeng op der Mess ze forméieren. Vun 1823 un huet och Leideleng zur Gemeng gehéiert, éier den 1. Juli 1856 (Gesetz vum 3. Mäerz 1856) d'Sektioune Leideleng a Schléiwenhaff vun der Gemeng Reckeng ofgetrennt goufe fir eng eegestänneg Gemeng Leideleng ze forméieren[2][3].

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Dezember 2010 hunn an der Gemeng 2 173 Persoune gewunnt, dovun 1120 Fraen (51,5 %) an 1053 Männer (48,5 %). Déi meescht Awunner ware Lëtzebuerger; déi gréisst auslännesch Communautéit hunn d'Portugise mat 105 Persounen (4,8 % vun der Gesamtbevëlkerung) gestallt.

532 Persounen (24,5 %) ware méi jonk wéi 20 Joer an 432 Persounen (19,9 %) ware méi al wéi 60 Joer.

D'Haaptuertschaft Reckeng op der Mess hat mat 825 Awunner déi meescht Awunner an der Gemeng, virun Éileng (493 Awunner), Lampech (353 Awunner), Riedgen (333 Awunner), Piisseng (85 Awunner) a Wickreng (84 Awunner).[1]

Awunner no Nationalitéit
Rang Nationalitéit
Awunner Rang Nationalitéit
Awunner
1 LuxembourgLuxembourg Lëtzebuergesch 1712 7 United KingdomUnited Kingdom Brittesch 23
2 PortugalPortugal Portugisesch 105 8 NetherlandsNetherlands Hollännesch 22
3 FranceFrance Franséisch 92 9 USAUSA US-amerikanesch 14
4 ItalyItaly Italieenesch 53 10 PolandPoland Polnesch 8
5 GermanyGermany Däitsch 48 Aner Nationalitéiten 53
6 BelgiumBelgium Belsch 43 Total 2173

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung:
tranché d'argent et de sable par une bande ondée et coticés d'azur et d'argent de quatre pièces, accompagnée en chef de trois merlettes de sable posées 2,1 et en pointe d'une croix ancrée d'or.
D.C. 25. September 1980 - A.M. 6. November 1980 - Mémorial B 1980, Säit 1144 - Projet: Marcel Lenertz 1980
Am Wope sinn d'Emailer vun den dräi Hären déi jeeweils eng Zäit Meeschter zu Reckeng waren, an zwar déi Lampecher [de sable à la croix ancrée d'or], déi Reckener [de sable à bande d'argent] an déi Wickrenger [d'argent à tois merlettes de sable]. Um Kapp gouf de Wope vun de Wickrenger iwwerholl an op der Spëtzt dee vun de Lampecher. Déi blo queesch Well symboliséiert d'Mess déi duerch d'Gemeng leeft.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun der Gemeng Reckeng op der Mess gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • ...
  • 1844 an 1849: Dominique Grethen[4],[5]
  • ...
  • 1935 - 1940: Jean-Pierre Hilger
  • 1940 - 1944: däitsch Besatzung
  • 1945 - 1963: Jean-Pierre Hilger[6]
  • ...
  • 2004 - 2006: Albert Huberty
  • 2007 - 2011: Raymond Sinnen
  • zanter 2011: Carlo Muller

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Reckeng op der Mess ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gemeng Reckeng op der Mess – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 reckange.lu: La commune se présente: La commune en chiffres
  2. reckange.lu: La commune se présente: Description
  3. (fr)Loi du 3 mars 1856 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Leudelange. data.legilux.public.lu (03.03.1856). Gekuckt de(n) 18.06.2023.
  4. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  5. Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
  6. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Gearchiveerd op 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-05.