Françoise Pescatore

Vu Wikipedia
Françoise Pescatore
Gebuer 11. Juli 1877
Mäertert
Gestuerwen 28. August 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Konschthandwierker
Famill
Papp Dominique-Antoine Pescatore
Mamm Anne Pescatore
Geschwëster Théodore Pescatore

D'Marie Franziska Pescatore, genannt Françoise Pescatore, gebuer den 11. Juli 1877 zu Mäertert, a gestuerwen den 28. August 1954 an der Stad, war eng lëtzebuergesch Molerin an Hierstellerin vun Dekoratiounsartikelen[1].

D'Françoise Pescatore war eng Duechter vum Industriellen a Politiker Dominique-Antoine Pescatore (1842-1916) an der Molerin Anne Feltz (1842-1933)[2][3]. Si koum um Schlass vu Mäaertert, dat hire Papp e puer Joer virun hirer Gebuert gebaut hat, op d'Welt.

D'Pescatore krut d'Aptitude fir Konscht an d'Wéi geluecht. Si huet d'Grondlage vun der Molerei vun hirer Mamm geléiert, déi dat och vun hirer Mamm der Elisabeth Piron geléiert hat. Hire Papp huet Karikaturen an Dekoratiounsmotiver a parlamentareschen Dokumenter gezeechent[3]. Si huet op der Académie royale des beaux-arts vu Bréissel studéiert. Si huet gemoolt a kleng Objeten aus Holz an Har gemaach[1]. Hir Eltere ware Mäzen vum Alphonse Jungers, deen ëm 1894 dem Françoise säi Portrait gemoolt huet Am Februar 1896 goufen am Stadhaus déi agereecht Motiver vum Dicks-Lentz-Monument, dorënner dat vum Jungers, ausgestallt. An engem getrennten Zëmmer goufen eng Rei Biller vum Jungers, dräi Portraite vum Jean-Pierre Huberty an e Büst vun engem Juegdhidder vum 18 Joer ale Pescatore gewisen[4]. Wéi hir Mamm war d'Pescatore am Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg. 1950 huet si hir Objeten ausgestallt op der International Women's Exposition zu New York, mat dem Lotty Braun-Breck, Colette Probst-Wurth a Denise Probst-Massin.[5]

D'Françoise Pescatore ass am Alter vu 77 Joer no engem Accident gestuerwen[6]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Welter, J., réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Gebuertsschäin 1877, n° 28.
  3. 3,0 3,1 Mersch, J., 1949 "Les Pescatore", Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 02, S. 445-569.
  4. "Beaux-Arts (Suite)", L'indépendance luxembourgeoise, 12. Februar 1896.
  5. "Ausstellung", Escher Tageblatt, 8. November 1950.
  6. "Mademoiselle Françoise Pescatore", Doudesannonce vun der Famill, am Luxemburger Wort vum 31. Augustus 1954.