Anne Pescatore
Ausgesinn
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Anne Pescatore | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anne Catherine Feltz dit Laroche |
Gebuer |
18. Oktober 1842 Sierk |
Gestuerwen |
10. Abrëll 1933 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Dominique-Antoine Pescatore |
Kanner | Françoise Pescatore, Théodore Pescatore |
D'Anne Pescatore-Feltz, gebuer den 18. Oktober 1842 zu Sierk, a gestuerwen den 10. Abrëll 1933 zu Lëtzebuerg, war eng Molerin[1]. Bekannt sinn och en ettlech Exlibrissen déi si entworf huet.
D'Anne Feltz huet am Atelier vun hirer Mamm Elisabeth Pilon geléiert molen[2]. Si war Member vum Cercle artistique de Luxembourg. Am Alter vun uechtzeg Joer huet si nach um Salon des Arts de la Lorraine deelgeholl[3].
Si war mam Dominique-Antoine Pescatore (1842-1916) bestuet. D'Koppel hat siwe Kanner, dorënner den Théodore an d'Françoise Pescatore (1877-1954).
D'Anne Feltz ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen a gouf um Nikloskierfecht begruewen[4].
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Welter, J., réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ Herr, L. (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN2-87963-382-6. S. 248.
- ↑ "Mme Anne Pescatore", L'indépendance luxembourgeoise 31. Dezember 1921.
- ↑ "Mme Antoine PESCATORE née Anna Catherine« FELTZ", Doudesannonce vun der Famill, am Luxemburger Wort vum 10, Abrëll 1933