Op den Inhalt sprangen

Schlass Mäertert

Vu Wikipedia
Schlass Mäertert
Geographesch Donnéeën
Land Lëtzebuerg
Gemeng Gemeng Mäertert
Plaz Mäertert
Adress 1, rue du Parc Mäertert
Koordinaten 49° 42’ 02.3’’ N
      06° 28’ 50.5’’ O
Donnéeë vum Gebai
Baustil Neobarock
Statut ICPCN - Intention de classement
Datum vum Bau 1870

D'Schlass vu Mäertert ass e Schlass aus dem Joer 1870 am neobarocke Stil, dat an der Rue du Parc, am historeschen Zentrum vu Mäertert steet. Et ass a Privatbesëtz.

Um Areal vum Schlass stoung zur Réimerzäit eng Villa rustica[1], dono am Mëttelalter e gréisseren Haff, dee bis zu der Franséischer Revolutioun der Abtei Sankt-Maximin vun Tréier gehéiert huet. 1797 gouf en un de viregte Piechter versteet.[2]

Dat haitegt Schlass gouf 1870 vum Dominique-Antoine Pescatore (1842 – 1916) gebaut, en Nokomme vun der Famill Pescatore. Hien huet och 1873 e Park uleeë gelooss, no Pläng vum Edouard André. An der Entrée vum Park stinn zwou gosse Skulpture vun engem Tiger a vun engem Léiw, vum Henri Jacquemart.[2]

Nach zu senge Liefzäiten huet den Antoine Pescatore d'Schlass 1887 misse verkafen. Déi nei Proprietäre waren de Paul Simonis, de Fils vum fréiere Minister Charles Mathias Simonis, a seng Fra Nelly Autier, déi a Frankräich eng Plätterchersfabrick haten. 1927 hunn d'Ierwen dat Ganzt un en Hotelier verkaaft, deen se „Parc Hotel“ draus gemaach huet.[3] Am Zweete Weltkrich war an engem Deel vum Gebai e Chimieslabo, am Park war e Gefaangenelager.[2]

Am Juli 2019 huet d'Commission pour le patrimoine culturel (Copac; vidru Cosimo) e positiven Avis ofginn, d'Schlass als national Architekturierfschaft klasséieren ze loossen.[2] De Proprietär, wéi och d'Gemeng Mäertert waren dergéint; et géing duer, datt d'Schlass schonn eng kommunal Protektioun hätt, an et wier am Laf vun der Zäit, no villen Ännerungen, net méi vill historesch Wäertvolles iwwreg bliwwen.[4] De Kulturministär do dergéint huet fonnt, d'Gebai géif d'Krittäre fir eng Klasséierung - Authentizitéit, Gattung, Zäit vum Bau, Erënnerungsplaz, Sozial- oder Kultusgeschicht an Entwécklungsgeschicht - erfëllen.[5]

Den 26. Januar 2023 gouf d'Gebai op d'Lëscht vun den nationalen Architekturierfschaften agedroen.[6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. if: "Eine römische Villa unter dem Merterter Schloss?" wort.lu, 30-07.2015.
  2. 1 2 3 4 Avis vum COSIMO iwwer eng proposéiert Klasséierung vum Site, 17. Juli 2019 (gekuckt: 2022-11-05).
    • Werner, Charles, Les Pescatore-Feltz de 1863 à 1916 : témoins d'un demi-siècle mouvementé : de l'aisance par la tempête à l'acalmie, Luxembourg : Ch. Werner, 2025, S. 27 ISBN 978-99959-0-988-8
  3. Irina Figut: "Soll das Schloss von Mertert national geschützt werden?" wort.lu [€], 30.10.2022.
  4. Irina Figut: "Nationaler Denkmalschutz: Das Schloss Mertert hat eine 'große historische Bedeutung'.", wort.lu [€], 04.11.2022.
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).