Gemeng Heischent

Vu Wikipedia
Heischent
An anere Sproochen fr: Heiderscheid
de: Heiderscheid
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Buergermeeschter Robert Everling
Awunner 1370
  2007
Fläch 3.264,5439 ha[1]
Héicht 499 m
Koordinaten 49° 53’ 16’’ N
      05° 58’ 39’’ O
Lag vun der fréierer Gemeng Heischent (orange)
am Kanton Wolz (rout).

D'Gemeng Heischent war bis den 31. Dezember 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Wolz. Haaptuert war d'Uerschaft Heischent. Zanterhier huet Heischent, wéi och d'Gemeng Néngsen, an Esch-Sauer zu der neier Gemeng Esch-Sauer fusionéiert.

D'Gemengenhaus stoung zu Eschduerf (an ass haut d'Gemengenhaus vun der Gemeng Esch-Sauer).

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng [2][änneren | Quelltext änneren]

Gemengewalen[änneren | Quelltext änneren]

1945[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1945:

  • Sektioun Eschduerf: Pierre Berg, Guillaume Braas, Mathias Kesseler, Martin Lorang
  • Sektioun Heischent: Michel Schaul, Théodore Simon, Nicolas Turpel
  • Sektioun Mëtscheed: Nicolas Stoltz
  • Sektioun Toodler/Réngel: Jean Schiltz

De Michel Schaul ass zeréckgetrueden a gouf duerch de Jean Winandy ersat, dee bei Komplementarwale vum 21. Dezember 1947 déi meescht Stëmme krut.

1951[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1951:

  • Sektioun Eschduerf: Guillaume Braas, Mathias Kesseler, Antoine Lanners, Martin Lorang
  • Sektioun Heischent: Jean-Pierre Keiser, Nicolas Turpel, Jean Winandy
  • Sektioun Mëtscheed: Emile Etgen
  • Sektioun Toodler/Réngel: Jean Schiltz

1957[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1957:

  • Sektioun Eschduerf: Guillaume Braas, Mathias Kesseler, Antoine Lanners, Guillaume Schaack
  • Sektioun Heischent: Jean-Pierre Keiser, Nicolas Turpel, Jean Winandy
  • Sektioun Mëtscheed: Emile Etgen
  • Sektioun Toodler/Réngel: Jean Schiltz

No sengem Doud gouf de Mathias Kesseler vum Jean-Pierre Fautsch ersat, dee bei Komplementarwale vum 15. Juni 1958 déi meescht Stëmme krut. De Jean-Pierre Fautsch ass kuerz duerno zeréckgetrueden a gouf duerch de Joseph Theis ersat, dee bei Komplementarwale vum 24. August 1958 déi meescht Stëmme krut. No sengem Doud gouf de Jean Schiltz vum de Joseph Hermes ersat, dee bei Komplementarwale vum 2. Juli 1961 déi meescht Stëmme krut.

1963[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1963:

  • Sektioun Eschduerf: Guillaume Braas, Antoine Lanners, Guillaume Schaack, Joseph Theis
  • Sektioun Heischent: Nicolas Turpel, Joseph Wallers, Jean Winandy
  • Sektioun Mëtscheed: Emile Etgen
  • Sektioun Toodler/Réngel: Joseph Hermes

1969[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1969:

  • Sektioun Eschduerf: Joseph Brack, Antoine Lanners, Joseph Origer, Joseph Theis
  • Sektioun Heischent: Joseph Wallers, Michel Welter, Jean Winandy
  • Sektioun Mëtscheed: Joseph Robert
  • Sektioun Toodler/Réngel: Joseph Hermes

No sengem Doud gouf den Antoine Lanners vum Jean Biever ersat, dee bei Komplementarwale vum 19. September 1971 déi meescht Stëmme krut.

1975[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1975:

1981[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1981:

No sengem Doud gouf de Joseph Wallers vum Robert Feinen ersat, dee bei Komplementarwale vum 25. Mee 1986 déi meescht Stëmme krut.

1987[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1987:

1993[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1993:

1999[änneren | Quelltext änneren]

Gemengewale vun 1999:

Well de Marc Lahire aus der Gemeng Heischent geplënnert ass, gouf hie vum den Henri Léon Kloos ersat, dee bei Komplementarwale vum 9. November 2003 déi meescht Stëmme krut. Eng Ofännerung vum Walgesetz huet ënner anerem mat sech bruecht datt et keng Sektiounen a kee Ballotage méi bei de Gemengewale gëtt.

2005[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 si follgend Leit an den Heischter Gemengerot gewielt ginn: Marc Binsfeld, Nico Brack, Robert Everling, Christiane Ferber (bestuet Weiler), Rom Grethen, Marco Schank, John Sliepen, Jules Turpel an Emile Zeien.

Buergermeeschtere vun der fréierer Gemeng Heischent[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.