Joseph Theis (1916)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Joseph Theis (Buergermeeschter vun Heischent). Fir de Buergermeeschter vun Dikrech, kuckt wgl. Joseph Alphonse Theis.
Joseph Theis
Gebuer 9. November 1916
Eschduerf
Gestuerwen 21. Abrëll 2001
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Joseph Theis, gebuer den 9. November 1916 zu Eschduerf a gestuerwen den 21. Abrëll 2001, war Buergermeeschter vun der deemoleger Gemeng Heischent tëscht dem 22. September 1958 an dem 31. Dezember 1981.

De Joseph Theis war Grënnungsmember, aktive Musikant an tëscht 1967 an 1987 President vun der Fanfare Concordia Eschduerf.

Hie war bestuet mat der Marguerite Fautsch a war Papp vu véier Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]