Eschduerf
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Eschduerf Eschdöerf | |
---|---|
| |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Eschdorf de: Eschdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Marco Schank |
Awunner | 473[1] (2007) |
Fläch | 1.151,7716 ha |
Koordinaten |
49° 53’ 07’’ N 05° 56’ 06’’ O |
Eschduerf (lokal: Eschdöerf[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Esch-Sauer.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Bis 1827 war Eschduerf eng eegestänneg Gemeng[3]. Du gouf d'Sektioun Eschduerf bei d'Gemeng Heischent geprafft an déi aner Sektioune koumen an déi deemools nei gegrënnt Gemeng Néngsen. Enn 2011 hunn dunn déi fréier Gemengen Heischent a Néngsen mat Esch-Sauer fusionéiert.
Zu Eschduerf steet d'Gemengenhaus vun der Gemeng Esch-Sauer.
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
Eschduerf läit am Éislek op enger Héicht vu ronn 500 Meter. Déi héchst Plaz ass um Lieu-dit Quatre-Vents mat 519 Meter.
Um Flouer vun Eschduerf entsprangen a puer kleng Baachen, d'Broubich déi hir Quell an der Aalheck huet, an d'Millbech, déi aus zwou Quelle beim Millbecherknapps entsteet. Allebéid si riets Niewebaache vun der Dirbech.
Veräinsliewen[änneren | Quelltext änneren]
- Amiperas Sektioun Eschduerf
- Chorale Ste. Cécile Eschdorf
- Coin de Terre et du Foyer Eschduerf
- Entente des Sociétés Eschdorf
- F.C. Racing Heiderscheid-Eschdorf
- Eschdoerfer Musik
- Jeunesse Eschdorf-Merscheid
- KC Eschdorf 03
- KC Puddelwerfer
- Keleclub "Op der Knupp"
- Sapeurs Pompiers Eschdorf
- Syndicat d'Initiative Eschduerf-Merscheed
- Guiden a Souten St. Pirmin vum Séi
- H.C. Uewersauer
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Evy Friedrich, Marcel Tockert: Eschdorf, Revue, 1974, Nr. 48, Säiten 44 bis 49
- Sapeurs-pompiers Eschdorf: 100e anniversaire et inauguration du nouveau drapeau: 25 juillet 1975, 1975
- Marco Schank: Een Döerf, gëschter, haut... a möer?: d'Entwécklung vun eisen Deerfer unhand vun enger Kuurzbeschreiwung, Op der Lay (Esch-Sauer), 1992, ISBN 2-87967-012-8
- Sapeurs-pompiers Eschdorf: Pompjees-Corps Eschdöerf: 1875 - 2000, 2000, ISBN 2-87967-083-7
- Fanfare Concordia Eschdorf: 50 Joer Eschdörfer Musik (1951-2001), Op der Lay (Esch-Sauer), 2001, ISBN 2-87967-089-6
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Kierch Eschduerf
- Bibliothéik Eschduerf
- Déi nei Gemeng Esch-Sauer
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Eschduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Websäit Gemeng Heischent http://www.heiderscheid.lu/egocms/content_site_heiderscheid_page_6958.html
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ Dictionnaire géographique du Luxembourg, Säit 217