Robert Everling
| Robert Everling | |
|---|---|
| Gebuer |
15. Juni 1949 Diddeleng |
| Gestuerwen | 12. Februar 2026 |
| Alter | 76 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Lokalpolitiker, Enseignant |
| Fonctioun | Gemengeconseiller, Schäffen, Buergermeeschter |
|
| |
De Robert Everling, gebuer de 15. Juni 1949 zu Diddeleng, a gestuerwen den 12. Februar 2026[1], war de leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Heischent.
Bei de Gemengewale vum 10. Oktober 1981 ass de Robert Everling fir d'éischt an den Heischter Gemengerot gewielt ginn.
No 24 Joer als Gemengeconseiller gouf hien no de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 Schäffen.
Als Nofollger vum Marco Schank gouf hien de 7. Juli 2009 am Inneministère als leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Heischent vereedegt. No der Fusioun vun de Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen a mat der Vereedegung vum Gilles Kinzelé als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Esch-Sauer goung dem Robert Everling säi Mandat op en Enn.
De Robert Everling war Schoulmeeschter an en huet zu Eschduerf gewunnt
Hie war mat der Anne Theis bestuet a war de Papp vum Journalist Pit Everling.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 18.02.2026, S. 34
