Franciscus (Poopst)

Vu Wikipedia
Franciscus
Gebuertsnumm Jorge Mario Bergoglio
Gebuer 17. Dezember 1936
Flores
Nationalitéit Argentinien
Educatioun Universitéit vu Buenos Aires
Aktivitéit Priister, Chimist, Schrëftsteller, Theolog, Priedeger, kathoulesche Bëschof
Famill
Papp Mario José Bergoglio
Mamm Regina María Sívori
De Wope vum Poopst Franciscus

De Franciscus (fr: François, de: Franziskus, en: Francis), mat biergerlechem Numm Jorge Mario Bergoglio, gebuer de 17. Dezember 1936 zu Buenos Aires an Argentinien, ass zanter dem 13. Mäerz 2013 Poopst.

Den 266. Bëschof vu Roum gouf um Enn vum zweeten Dag vun der Konklav gewielt. Hien ass deen éischte Jesuitt, deen éischte Latäinamerikaner an deen éischten Net-Europäer zanter méi wéi 1200 Joer, deen op déi Plaz gewielt gouf. Hie war bis zur Wal zum Poopst Äerzbëschof vu Buenos Aires. Duerch säi Poopstnumm, stellt hie sech an d'Nofolleg vum Franz vun Assisi, dem Hellege vun den Aarmen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Jorge Mario Bergoglio ass de Jong vun italieeneschen Awanderer, dem Mario an der Regina Bergoglio. 1958 ass hien an de Jesuittenuerden agetrueden an huet Theologie a Philosophie um Colegio Máximo San José zu San Miguel studéiert. Den 13. Dezember 1969 gouf hien zum Priister geweit. Zu San Miguel war hien och Novizemeeschter an huet Theologie ënnerriicht.

Vun 1973 bis 1979 war de Bergoglio Provënzialprior an Argentinien. An de Joren 1980 bis 1986 war hie Rekter vun der Philosophescher an Theologescher Fakultéit vu San Miguel. Säin Theologiestudium huet hien 1986 mat engem Fuerschungsopenthalt zu Frankfurt am Main weidergefouert an zwar op der Philosophesch-Theologescher Héichschoul Sankt Georgen[1]. Hien huet awer net promovéiert. Duerno huet hien zu Córdoba als geeschtleche Begleeder geschafft.

Den 20. Mee 1992 gouf hie vum Jean-Paul II. zum Titularbëschof vun Auca a Weibëschof vu Buenos Aires ernannt an de 27. Juni geweit. Den 3. Juni 1997 gouf hien du Koadjutoräerzbëschof vu Buenos Aires an den Nofollger vum Antonio Kardinal Quarracinos, deen den 28. Februar 1998 gestuerwen ass. Gläichzäiteg war de Bergoglio och Bëschof vun de Gleewege vum orientalesche Ritus an Argentinien. 2001 gouf hien du Kardinol.

Vum 8. November 2005 bis den 8. November 2008 war hie President vun der Argentinescher Bëschofskonferenz. Hie war och Member vun der Kongregatioun fir de Gottesdéngscht an d'Sakramentenuerdnung, vun der Kongregatioun fir de Klerus an der Kongregatioun fir d'Instituter vum geweite Liewen a fir d'Gesellschafte vum apostolesche Liewen. De Bergoglio war och nach Member vum Peepstleche Rot fir d'Famill a vun der Peepstlecher Kommissioun fir Latäinamerika.

De Bergoglio hat scho bei der Konklav 2005 vill Stëmmen als Alternativkandidat zum Joseph Ratzinger kritt.

Pastoraalt Wierken[änneren | Quelltext änneren]

De Bergoglio charakteriséiert eng grouss pastoral Erfarung. Hien ass bekannt dofir, datt hie sech mat klore Wierder an Aktioune fir déi manner Bemëttelt asetzt a fir sozial Gerechtegkeet, géint d'Korruptioun, d'Mafia, den Drogen- a Mënschenhandel wéi och géint d'Prostitutioun kämpft.[2] [3]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Dem Bergoglio seng Roll wärend der argentinescher Militärdiktatur ass ëmstridden. A Mënscherechtskreesser gëtt him virgehäit, der Junta ze nogestanen ze hunn.[4],[5],[6] Och wéinst senger homophober Haltung wärend der Aféierung vum gläichgeschlechtleche Bestietnes an Argentinien, dat hien ënner anerem als "anthropologesche Schrëtt no hannen" beschriwwen huet, a senger Oppositioun géintiwwer der Ofdreiwung gëtt hie kritiséiert.[7],[8]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franciscus (Poopst) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Philosophesch-Theologesch Héichschoul Sankt Georgen
  2. Die Zeit: Wie links ist der neue Papst? (14. Mäerz 2013; gekuckt de 15. Mäerz 2013)
  3. Les Échos: PORTRAIT L'argentin Bergoglio, le jésuite familier des bidonvilles (14. Mäerz 2013; gekuckt de 15. Mäerz 2013)
  4. Die Zeit: Schon wieder ein Übergangspapst (14. Mäerz 2013; gekuckt de 15. Mäerz 2013)
  5. Aargauer Zeitung: Kritik an der Vergangenheit des Papstes wegen der argentinischen Militärdiktatur (15. Mäerz 2013; gekuckt de 15. Mäerz 2013)
  6. rue89.com: Bergoglio/François: pape des pauvres ou ami de la dictature ? (14. Mäerz 2013; gekuckt de 15. Mäerz 2013)
  7. Time: Defying Church, Argentina Legalizes Gay Marriage (15. Juli 2010; gekuckt de 15. Mäerz 2013)
  8. Têtu: Eglise catholique: élection de François, un pape contre l'égalité (14. Mäerz 2013; gekuckt de 15. Mäerz 2013)
Virgänger Nofollger
Benoît XVI. Lëscht vun de kathoulesche Peepst -