Groussherzogleche Palais

Vu Wikipedia
Groussherzogleche Palais
De Groussherzogleche Palais
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Krautmaart
Strooss Krautmaart
Koordinaten 49°36'39,2"N, 6°7'58,2"O
Proprietär Lëtzebuerger Staat
De Groussherzogleche Palais mat engem Deel vum Chambersgebai.
De fréiere Regierungspalais. Zeechnung vum Nicolas Liez (1834).

De Groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg, 1572 bis 1574 gebaut, ass dem Groussherzog seng Stadresidenz.

Geschicht vum Gebai[änneren | Quelltext änneren]

E steet op der Plaz vum éischte Stater Gemengenhaus, dat 1554 duerch d'Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Amtssëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Ursprénglech am Renaissance-Stil vum Péiter Ernest I. vu Mansfeld gebaut, gouf d'Gebai 1683 ënner dem Louis XIV. senger Besatzung ëmgebaut. 1741-1743 gouf riets vum eelsten Deel (deen tëscht deenen 2 Tiermercher, do, wou um 1. Stack de Balcon ass) en Ubau am Barockstil, "Wo" genannt, bäigesat. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d'Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 war hei d'Prefecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d'Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d'Parlament (dat 1857 an eng Stännversammlung ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d'Lëtzebuerger Constitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d'preisesch Truppen ofgezu ginn, an d'Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou haut de Staatsministère ass. De Staatsrot, d'archeologesch Sammlung, de Service agricole an d'Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d'Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut[1].

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weny, Simone, 2008. De Palais. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 185-190. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grand Ducal Palace (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Ëm- an Ausbau vum Groussherzogleche Palais goufe vun den Architekte Gédéon Bordiau vu Bréissel a Charles Arendt geplangt a betreit. Aus där Zäit staamt de Badener Fligel (aile de Bade), deen am Bannhenhaff dobäi gebaut gouf. Cf. d'Internetsäit iwwer d'Geschicht vum Palais op monarchie.lu.
  2. Iwwersetzung hei