Chambersgebai

Vu Wikipedia
Chambersgebai
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz L-1728 Luxembourg
Strooss Krautmaart
Adress 19, Krautmaart
Koordinaten 49° 36’ 38’’ N
      06° 07’ 58’’ E
Baustil Neoklassizismus
Architekt(en) Antoine Hartmann
Datum vum Bau 1858-1860
Proprietär Lëtzebuerger Staat
De Sëtzungssall, bei enger Reunioun vun OCDE-Vertrieder.
Empfangsraum um Rez-de-chaussé.

D'Chambersgebai oder Hôtel de la Chambre des députés, ass dat Gebai um Krautmaart an deem d'Chamber, d'Legislativorgan vum Lëtzebuerger Staat, fir gewéinlech hir Sessiounen ofhält. Et ass un de Groussherzogleche Palais ugebaut.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virun 1860 hat d'Chamber keng gereegelt Plaz fir zesummenzekommen; dat geschouch entweeder am Palais (deen deemools ë. a. och de Sëtz vun der Regierung war) oder am Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg. 1848 huet se sech souguer an der Ettelbrécker Primärschoul versammelt.[1]

An den 1850er Jore gouf kloer, datt eng definitiv Léisung misst fonnt ginn, och well de Palais ewell just nach fir de Groussherzog a seng Famill reservéiert sollt sinn. Dofir gouf 1857 den Architekt Antoine Hartmann gefrot, en neit Gebai z'entwerfen, dat an d'Plaz vun den Haiser Wirtgen, Baustert, Hernandez an Heynen komme sollt.[1] D'Bauaarbechten hunn de 27. Juli 1858 ugefaangen, an d'Gebai gouf den 30. Oktober 1860, bei der Ouverture vun der neier Chambersessioun, a Betrib geholl.[2] De Stil ass eng Mëschung aus neo-klasseschen, neo-goteschen an neo-renaissancen-Elementer.

Fir méi grouss Tribünen ze kréien, gouf 1881 d'Chambersgebai no der Säit an no hannen e bësse vergréissert, an de "Sputt" tëscht dem Palais an dem Gebai, deen ufanks onverbaut war, gouf opgefëllt.[1] Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich (1940-1944) gouf, nodeem d'Chamber opgeléist gi war, d'Gebai als eng "Zweigstelle" vum "Gaupropagandaamt" ëmfunktionéiert, déi mat engem grousse Callicot um Balcon mat der Opschrëft Heim ins Reich gerëscht war.[2]

Verschidde Vergréisserungspläng oder Pläng, e modernt Gebai um Hellege-Geescht-Plateau, wou haut d'Cité judiciaire ass, ze bauen, goufen net realiséiert.

Tëscht 1997 an 1999 gouf d'Gebai fir 700 Millioune Lëtzebuerger Frang am Fong renovéiert a vergréissert, an de moderne Sécherheetsnormen ugepasst. D'Bannendekoratioun am neoklasseschen Napoleon III.-Stil ass vum François Catroux.[3] Dës huet fir munnech Gespréicher gesuergt[4], och den neien Tapis-plein a seng Ausdonstunge si verschiddenen Deputéiert an d'Nues geroden. De Sëtzungssall gouf sou ageriicht, datt en, iwwer eng direkt Verbindung mam Palais, bei Staatsempfäng kéint an en Empfankssall ëmfunktionéiert ginn.

Wärend den Ëmbauaarbechten huet d'Chamber hir Sëtzungen am Stater Stadhaus ofgehalen.

2006 waren och d'Ëmbauaarbechten an den Haiser Richard a Printz, vis-à-vis op Nummer 12 a 14 vun der Waassergaass, ofgeschloss, an déi d'Chambersekretariat a Reuniounsraim fir Kommissiounen amenagéiert goufen. Se si mat enger gliesener Passerell mam Chambersgebai verbonnen.

An der Summervakanz 2018 goufe déi audiovisuell Instalatioune moderniséiert, resp. erneiert, an d'Riednerpult gouf ëmgebaut,fir datt et ewell an der Héicht dem Riedner ugepasst ka ginn.[5].

Vis-à-vis vum Chambersgebei, an der Maison Wiltheim, sinn zënter dem Ufank vun den 2010er Jore weider Servicer vun der Chamber.

Wärend der COVID-19-Pandemie, vu Fréijoer 2020 bis uganks 2022, goufen d'Sëtzunge vun der Chamber am Festsall vum Cercle ofgehalen, deen dofir amenagéiert gouf, well do méi Plaz ass fir d'Distanz tëschent enee kënnen anzehalen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Historique" op chd.lu. (Archivéiert)
  2. 2,0 2,1 "The Chamber of Deputies" op gouvernement.lu
  3. "Chambre des Députés." In: Centenaire. Administration des bâtiments publics Luxembourg [sous la direction de Jean Leyder]. Luxembourg 2010, S.162-165. ISBN 978-99959-680-0-7.
  4. "... in diesem ganzen verlogenen Nostalgiekitsch von falschen Marmorsäulen, falscher Decke, falschem Goldzierrat, dunkelroten Quasten und Fransen, falschen Kerzenleuchtern, Wappenlöwen und Großherzögen." Hilgert, Romain, Im Namen der Sprachlosen, land.lu 20. Januar 2017
  5. "La Chambre des Députés en rénovation cet été." 5minutes.rtl.lu, 25 Aug. 2018.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chambersgebai – Biller, Videoen oder Audiodateien