Stadhaus Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Stadhaus (2008).
D'Stadhaus op engem Tableau vum Jean-Auguste Marc (1837).

D'Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg (och nach: d'Märei) ass en administratiivt Gebai am neoklassizistesche Stil, dat tëscht 1830 an 1838 no Pläng vum Lécker Architekt Julien Rémont gebaut gouf. Et steet an der Stad Lëtzebuerg um Knuedler, a fir säi Bau goufen zum Deel d'Steng vum fréiere Knuedler-Klouschter geholl, dat do stoung, a kuerz virdrun ofgerappt gi war. Et ass de Sëtz vun der Gemengeverwaltung vun der Stad.

Geschicht[1][änneren | Quelltext änneren]

Den 22. Oktober 1838 koum de Gemengerot - deen deemools nach Conseil de Régence geheescht huet - ënnert der Presidence vum Buergermeeschter François Scheffer déi éischt Kéier am neie Gebai um Knuedler zesummen. Ganz fäerdeg war den Neibau deemools allerdéngs nach net. Wéi de Groussherzog Wëllem II. 1841 an der Stad op Besuch war, konnt hien nämlech nach net am grousse Festsall um éischte Stack empfaange ginn. De Gemengerot koum uganks um Rez-de-chaussée an der sougenannter Salle de mariages zesummen. Wéi een et op den Originalpläng gesäit, ware sengerzäit och e Policebüro am Gebai amenagéiert.

Eréischt 1844, also 14 Joer nodeems den offizielle Grondstee geluecht gi war, gouf d'Stadhaus fäerdeg an et gouf dunn - zesumme mat der Statu vum Wëllem II. - feierlech ageweit.

D'bronze Léiwe lénks a riets vun der Haaptentrée goufen 1931 vum Auguste Trémont geschaaft, obwuel d' Iddi dofir op Architekt Julien Rémont 100 Joer virdrun zréck geet.

Iwwerdeems sech um Rez-de-chaussée an um éischte Stack vum Gebai am Laf vun de Joerzéngten net vill verännert huet, gëllt dat awer net fir de Sous-sol. Am Deel ënnert den Arkaden an der Ënneschtgaass war deemools nämlech en iwwerdaachte Kraider- a Geméismaart wou et ëmmer héich hir gaangen ass. Duerch den Zweete Weltkrich war et awer eriwwer mam Maart, well ënner der däitscher Besatzung d'Arkaden zu enger Bibliothéik ëmgebaut goufen, wéi et op den entspriechende Pläng vun 1941 gewisen ass. Hautdesdaags gëtt dësen Deel vum Gebai als Lager fir d'Zäitschrëft ons stad genotzt.

D'Arkade goufen nom Krich net nees fräigeluecht, d'Bibliothéik gouf awer a Bürosraim ëmfonctionnéiert. De Grondrëss vun deemools ass awer bis haut bestoe bliwwen. Am Ament sinn am Sous-sol verschidde Servicer vun der städtescher Administratioun ënnerbruecht, ë. a. en Deel vum Archiv vum Generalsekretariat.

2014 gouf d'Märei mat enger Passerelle mam Haus Letellier verbonnen, an deem den neie Biergerzenter amenagéiert gi war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stadhaus Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Diane Lecorsais, Als unter der Märei noch Markt war, op wort.lu, gekuckt den 13 Mee 2018