François Scheffer

Vu Wikipedia
François Scheffer
Gebuer 1. Juli 1766
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. September 1844
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Riichter

De François Scheffer, gebuer den 1. Juli 1766 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 9. September 1844, war, mat Ënnerbriechungen, véier Joerzéngte laang Buergermeeschter vun der Stad. No him gouf d'Scheffer-Allee um Lampertsbierg genannt.

De François Scheffer, Jong vum Stater Geschäftsmann François Scheffer sen. (1721-1778) an deem senger Fra der Anne Catherine Bastien, huet zu Bréissel Droit studéiert, huet nom Studium awer net als Affekot geschafft, mä an der Epicerie, déi e vu sengem Schwéierpapp iwwerholl huet. Do donieft hat hien eng Hellewull Plazen an Ämter doruechter:

Hie war an der Sebastianbrudderschaft, Läitnant bei der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg, ënner de Fransouse koum hien an de Gemengerot, an d'Hypothéiken- an an d'Zentralverwaltung vum Département des Forêts, gouf eng éischt Kéier 1800-1802 Buergermeeschter, duerno Riichter um Handelsgeriicht, 1815 Bataillounschef vun der Biergergarde, 1816-1817 fir d'zweet Buergermeeschter, dunn huet en den Distriktskommissär vertratt. 1820 bis 1822 war e fir d'drëtt Buergermeeschter, a fir d'véiert vun 1827 bis kuerz viru sengem Doud, 1844.

De François Scheffer war mat der Anne Barbe Marguerite Seyler bestuet. D'Koppel hat véier Kanner, déi alleguer am jonken Alter gestuerwe sinn.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Hermann Urbain
François Roeser
Antoine Pescatore
François Roeser
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1800 - 1802
1816 - 1817
1820 - 1822
1827 - 1843
Nofollger:
Jean François Probst
Antoine Pescatore
Jean-François Doutreloux
Ferdinand Pescatore

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial N°3 vun 1844 mam Avis datt de François Scheffer mam ordre dela couronne de chêne dekoréiert gouf Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2015-03-14.