Julien Rémont

Vu Wikipedia
Julien Rémont
Gebuer 13. November 1800
Léck
Gestuerwen 12. Mäerz 1883
Léck
Nationalitéit Belsch
Educatioun Académie royale des beaux-arts de Liège
Aktivitéit Architekt


De Julien-Etienne Rémont, gebuer den 13. November 1800 zu Léck an och do gestuerwen den 12. Mäerz 1883[1], war e belschen Architekt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Rémont huet vun 1820 bis 1824 op der Académie royale des beaux-arts zu Léck studéiert. De 6. Juli 1824 huet hien d'Marie-Anne Clepers (1801-1885) bestuet an d'Koppel krut néng Jongen an zwee Meedercher.

Säin éischte grouss Succès war, wéi hien 1827 de Concours gewonnen huet, fir zu Lëtzebuerg en neit Stadhaus ze bauen.

Wärend engem Joer (1836) war de Rémont Professer op der Académie zu Léck a vun 1837 bis zu sengem Doud, Architekt vun der Stad Léck.

D'Stadhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg (Foto vun 2008)

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 152

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Julien Rémont – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Julien Etienne Rémont, Né le 13 novembre 1800 - Liège, Décédé le 12 mars 1883 - Liège, Informatiounen op geneanet.org (gelies de 15. Mäerz 2011)
  2. Stater Chronik - Rectification in: Ons Stad Nr 28 vun 1988, S. 3 (Link op d'pdf-Dokument)