Mésy Faber

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mésy Faber
Gebuertsnumm Marie-Madeleine Bergamini
Gebuer 20. Oktober 1925
Gestuerwen 2. Januar 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Operettesänger


D'Mésy Faber (oder Mesy Faber), gebuer den 20. Oktober 1925 als Marie-Madeleine Bergamini a gestuerwen den 2. Januar 2020 zu Beetebuerg[1], war eng Lëtzebuerger Operettesängerin[2] a Schauspillerin.

No hiren Ufäng am Hollerecher Gesangsveräin koum si 1950 op d'Operettebün, déi deemools ënner der Leedung vum Auguste Donnen stoung. Mat hirer Mezzosopranstëmm huet si meeschtens Rolle vun der Soubrette iwwerholl. Si huet hir Gesangs- a Schauspillertalenter awer och an de Revuen am Theater an am Variété-Ensemble vun der Nationallotterie virgedroen.

1958 huet si zesumme mat der däitscher Sängerin Caterina Valente am Paräisser Olympia den zweete Präis an engem Chansonsconcours gewonnen, dee vun Europe 1 organiséiert gi war.

D'Mésy Faber huet ni eng professionell Karriär ageschloen, obwuel hir en ettlech Offeren, ënner anerem vum Varietétheater Bobino zu Paräis, gemaach goufen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Mesy Faber begleet vum Orchester Jean Roderes - Hien Ass Ke Millionar / Eng Zaletchen, His Master's Voice

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort 2020-01-04/08 op gedenken.lu
  2. Sängerin Mésy Faber gestorben am Luxemburger Wort vum 8. Januar 2020, S. 14