Loterie Nationale (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi lëtzebuergesch Loterie Nationale, op Lëtzebuergesch Nationallotterie, ass duerch groussherzoglechen Arrêté vum 13. Juli 1945 an d'Liewe geruff ginn. D'Organisatioun vun der Lotterie koum an d'Hänn vun der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte.

Déi traditionell Lotterie gouf bis 1998 eemol am Mount op engem Freideg gezunn. Zanterhier gi mat Rubbellousen, Zubito an Euro Millions, dës an Zesummenaarbecht mat 9 aner Lotteriesenteprisen aus 8 anere Länner, Recettë gemaach.

D'Verdeele vum Benefice[änneren | Quelltext änneren]

D'Nationallotterie huet en Ëmsaz vu ronn 100 Milliounen Euro (2006).

Den Netto-Benefice vun der Lotterie gëtt no deem heite Schlëssel verdeelt:

2006 gounge sou 7.638.136,11 Euro eleng un dOeuvre Nationale'. Zanter 1945 sinn 175 Milliounen Euro u karitativ Ariichtunge verdeelt.

D'Nationallotterie ass och Sponsor vun der FLF, an ass ënner anerem beim Basketball, Tennis an Handball mat dobäi.

40 Leit schaffe bei der Nationallotterie. Direkter ass zanter 2001 de Léon Losch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]