Op den Inhalt sprangen

Caterina Valente

Vu Wikipedia
Caterina Valente
Gebuertsnumm Caterina Germaine Maria Valente
Gebuer 14. Januar 1931
12. Arrondissement
Gestuerwen 9. September 2024
Lugano
Nationalitéit Frankräich, Italien
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Gittarist, Dänzer

D'Caterina Germaine Maria Valente, gebuer de 14. Januar 1931 zu Paräis, a gestuerwen den 9. September 2024 zu Lugano, war eng italieenesch Sängerin, Dänzerin, Gittaristin, Schauspillerin an Entertainerin. Si gouf virun allem duerch hire Gesang an hir Optrëtter zesumme mat hirem Brudder Silvio Francesco, ënner anerem och duerch Steppdanz-Optrëtter, bekannt. Hire musikalesche Repertoire goung vum Jazz iwwer Schlager, Pop, Musical, Chanson bis zu der Bossa Nova. Bekannt Titele vun hir sinn Ganz Paris träumt von der Liebe (1954), Fiesta Cubana (1955), Komm ein bißchen mit nach Italien (1956), Tschau, Tschau, Bambina (1959) oder Itsy Bitsy Teenie Weenie Honolulu-Strand-Bikini.

An den 1950er an 1960er Joren huet si och a Filmer matgespillt, hat eegen Televisiounsemissiounen an eng jett -optrëtter.

Eegen Emissiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1957–1964: Bonsoir, Kathrin! (10 Folgen, ARD)
  • 1961: Bonsoir Catherine (6 Folgen, RAI)
  • 1962: Nata per la musica (9 Folgen, RAI)
  • 1964 & 1965: The Entertainers (mam Carol Burnett a mam Bob Newhart, CBS)
  • 1966–1968: Die Caterina Valente-Show (8 Folgen, ZDF / AVRO)
  • 1969: Bentornata Caterina (3 Folgen, RAI)
  • 1971: The Mike Douglas Show (Co-Moderation)
  • 1973: Ein Lächeln am Fuße der Leiter (5 Folgen, SDR)
  • 1976: Rendezvous bei Caterina Valente (13 Folgen, SDR)
  • 1980 & 1981: Music Circus (7 Folgen, SRG)
  • 1982 & 1983: Caterina (8 Folgen, ORF)
  • 1987: Caterina Valente – unter Freunden (25.04.1987, ZDF)

Dokumentatioun (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Legenden: Caterina Valente. Dokumentation. SWR/ARD, Deutschland 2012.
  • Caterina Valente: Bonjour, Katrin! Singen, tanzen, leben … Gustav Lübbe, Bergisch Gladbach 1985, ISBN 3-404-61143-8.
  • Dieter Bartetzko: Wo meine Sonne scheint. Caterina Valente – Ein Wirtschaftswunder. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1998, ISBN 3-423-24134-9.
  • Michael Petzel, Manfred Hobsch: Caterina Valente: „Du bist Musik“. Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin 2000, ISBN 3-89602-344-6.
  • Hermann Vilser, Ingrid Grünwald: Caterina Valente Diskografie 1954–2000. Hannibal, Höfen 2001, ISBN 3-85445-187-3.
  • Jürgen Arndt: Caterina Valente, Wolfgang Lauth, Jazz und Schlager. Facetten der 1950er Jahre und darüber hinaus (Mannheimer Manieren. Musik + Musikforschung Bd. 10), Georg Olms Verlag, Hildesheim 2021, ISBN 978-3-487-16054-2.
Commons: Caterina Valente – Biller, Videoen oder Audiodateien