Bossa Nova

Vu Wikipedia
João Gilberto, Umbria jazz 1996
Karikatur vum Vinícius de Moraes

D'Bossa Nova ass e südamerikanesche Museksstil an Danzstil, deen 1958 aus enger Mëschung tëscht der Samba an dem Jazz zu Rio de Janeiro a Brasilien entstanen ass.

Stilistesch baut d'Bossa nova engersäits op klassesch Harmonien op, anerersäits op verjazzte Sambarhythmen, soudatt eng méi roueg, méi intellektuell Musek entstanen ass, déi sech kloer vun der Karnavalsamba a vun de südamerikanesche Balladen ofhieft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dräi Museker sti Papp vun dësem "neien Déngen" (dat bedeit Bossa nova op Brasilianesch): de Gittarist João Gilberto, de Pianist Tom Jobim[1] an den Dichter Vinícius de Moraes[2]. Am August 1958 koum den Album "Chega de Saudade" eraus, op deem de João Gilberto Kompositioune vum Tom Jobim a vum Vinicius de Moraes interpretéiert an der Welt d'Bossa nova presentéiert.

1959 huet de Marcel Camus dozou bäigedroen, d'Bossa nova weltwäit bekannt ze maachen duerch de Succès vu sengem Film Orfeu Negro[3], an deem d'Bossa nova-Lidd Felicidade eent vun den Haaptlidder vum Film war.

Bossa nova lauschteren[änneren | Quelltext änneren]

1959 - Trailer vum Film Orfeu Negro (mat dem Lidd Felicidade) op youtube.com
Tom Jobim & João Gilberto: Desafinado op youtube.com
1964 - Stan Getz & Astrud Gilberto: The Girl From Ipanema op youtube.com
Tom Jobim & João Gilberto: The Girl From Ipanema op youtube.com
João Gilberto & Caetano Veloso: The Girl From Ipanema (Garota de Ipanema) op youtube.com
Stan Getz & Astrud Gilberto: Corcovado op youtube.com
1963 - Stan Getz & João Gilberto: Corcovado op youtube.com


Bekannt Bossa nova-Interpreten[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Antônio Carlos Jobim gouf Tom Jobim genannt, portugisech ausgeschwat: "Ton" Jobim. D'Bedeitung vun deem Museker fir Brasilie weist sech dorun, datt den internationale Fluchhafe vu Rio de Janeiro / Galeão no him genannt gouf: Antônio Carlos Jobim International Airport
  2. De Vinícius de Moraes war zanter 1943 och Diplomat, 1946 gouf hie Vizekonsul zu Los Angeles.
  3. Orfeu Negro krut d'Palme d'or um Festival International du Film de Cannes a war eng franséisch-italieenesch-brasilianesch Koproduktion.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bossa Nova – Biller, Videoen oder Audiodateien