João Gilberto
João Gilberto | |
---|---|
Gebuertsnumm | João Gilberto Prado Pereira de Oliveira |
Gebuer |
10. Juni 1931 Juazeiro |
Gestuerwen |
6. Juli 2019 Rio de Janeiro |
Nationalitéit | Brasilien |
Aktivitéit | Sänger, Gittarist, Songwriter, Jazzmuseker, Jazzgittarist, Discographesche Kënschtler |
Famill | |
Bestuet mat | Astrud Gilberto, Miúcha |
Kanner | Bebel Gilberto |
De João Gilberto, gebuer den 10. Juni 1931 als João Gilberto Prado Pereira de Oliveira zu Juazeiro, Bahia, a gestuerwen de 6. Juli 2019 zu Rio de Janeiro, war e brasilianesche Gittarist, Sänger a Komponist, deen nieft dem Antônio Carlos Jobim als Erfinder vun der Bossa Nova gëllt.
De luese Gesang an de Rhythmus vu sengem Gittarspill si charakteristesch fir dem Gilberto seng Musek.
Op sengem Debüt-Album (1959) Chega de Saudade (No more Blues) huet hie mam Jobim zwee Stécker opgeholl, an anerer op där Plack, wéi Desafinado a Samba de uma nota só (One Note Samba), goufen herno Standarden. 1963 huet hien zesumme mam Jobim, mat senger Fra, der Sängerin Astrud Gilberto, a mam Saxophonist Stan Getz zu New York den Album Getz/Gilberto opgeholl, op deem d'Stéck The Girl from Ipanema ass an deen d'Museker an d'Bossa Nova weltbekannt gemaach huet. 1980 as hien hannescht a Brasilie gaangen.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1959: Chega de Saudade (Odeon)
- 1960: O Amor, o Sorriso e a Flor (Odeon)
- 1961: João Gilberto (Odeon)
- 1962: The Boss of the Bossa Nova (Atlantic)
- 1963: The Warm World of João Gilberto (Atlantic)
- 1964: Getz/Gilberto (Verve)
- 1965: Herbie Mann & João Gilberto (Atlantic)
- 1974: João Gilberto en Mexico (PolyGram)
- 1976: Best of Two Worlds (Columbia)
- 1977: Amoroso (Warner Brothers)
- 1981: Brasil (Warner Brothers)
- 1986: João Gilberto Live in Montreux (WEA)
- 1991: João (PolyGram)
- 2000: João Voz e Violão (Universal)
- 2002: Live at Umbria Jazz (Egea)
- 2004: João Gilberto in Tokyo (Verve)
- 2007: João Gilberto for Tokyo (Japan Universal)
- 2015: Um encontro no Au bon gourmet (Doxy)
- 2015: Selections from Getz/Gilberto ’76 (Resonance)
- 2016: Getz/Gilberto 76 (Resonance)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Marc Fischer: Hobalala. Auf der Suche nach Joao Gilberto. Rogner & Bernhard, Berlin 2011, ISBN 978-3-8077-1072-3.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: João Gilberto – Biller, Videoen oder Audiodateien |