Antônio Carlos Jobim

Vu Wikipedia
Antônio Carlos Jobim
Gebuertsnumm Antônio Carlos Brasileiro de Almeida Jobim
Pseudonym Tom Jobim
Gebuer 25. Januar 1927
Rio de Janeiro
Gestuerwen 8. Dezember 1994
New York
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Brasilien
Aktivitéit Komponist, Sänger, Pianist, Gittarist, Jazzmuseker, Jazzgittarist, Lidderschreiwer, Museksproduzent, Discographesche Kënschtler, Arrangeur
Famill
Kanner Elizabeth Jobim, Paulo Jobim
Dem Jobim säi Grafsteen zu Rio.

Den Antônio Carlos ("Tom") Jobim, gebuer de 25. Januar 1927 am Quartier Tijuca vu Rio de Janeiro a gestuerwen den 8. Dezember 1994 zu New York, war e brasilianesche Komponist a Museker. Hie war ee vun den Haaptleit vum Bossa nova-Stil a gouf als Gershwin vun der latäinamerikanescher Musek ugesinn.

Hien huet iwwer 40 Stécker komponéiert, vun deenen op d'mannst d'Hallschent zu de Standarde vun der brasilianescher Musek zielen. Säi bekanntst Stéck ass Garota de Ipanema oder The Girl from Ipanema, mam Text vum Vinicius de Moraes, dat och der Astrud Gilberto hir Karriär lancéiert huet. Eleng dovu gëtt et onzieleg Cover-Versiounen, an d'Stéck gëtt heiansdo als déi Liftmusek schlechthin genannt.

De Jobim ass zu New York bei enger Häerzoperatioun gestuerwen a krut a Brasilien e Staatsbegriefnis. De Fluchhafe vu Rio ass haut no him benannt.

Bekanntst Kompositiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • "Garota de Ipanema" ("The Girl from Ipanema")
  • "Samba de uma nota só" ("One Note Samba")
  • "Insensatez" ("How Insensitive")
  • "Desafinado"
  • "Chega de saudade"
  • "Triste"
  • "Fotografia"
  • "Águas de março"
  • "A Felicidade" an "O nosso amor" (béid aus dem Film Orfeo Negro)
  • "Corcovado"
  • "Meditação"
  • "Wave"

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]