Op den Inhalt sprangen

Nic Weber

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Journalist Nic Weber. Fir de Sproochwëssenschaftler, kuckt wgl. Nico Weber.
Nic Weber
Gebuer 6. Juni 1926
Bruechtebaach
Gestuerwen 11. September 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Iwwersetzer, Editeur, Schrëftsteller

Den Nic Weber, gebuer de 6. Juni 1926 zu Bruechtebaach, a gestuerwen den 11. September 2013[1] zu Bäreldeng, war e lëtzebuergesche Journalist, Publizist a Schrëftsteller.

Den Nic Weber ass an enger Famill mat véier Kanner opgewuess. No de Kannerjoren a sengem Heemechtsduerf ass hien an den Iechternacher Kolléisch gaangen:

"Hier lernte ich lernen, Bücher gerne haben; hier traf ich gute Menschen, die unmerklich erzogen, ohne Verzieher oder Vorgesetzte zu sein. Professoren, wie sie nur hier - kleinbürgerlich bisweilen, großmenschlich immer - zu leben wußten."

Duerno koum den Zweete Weltkrich. Den Nic Weber koum nom Studentestreik vun 1942 an en Erzéiungslager op d'Buerg Stahleck, duerno bei d'Flak op Esch-Uelzecht an dunn zeréck a säin Duerf, dat an der Ardennenoffensiv vill ze leiden hat.

Vun 1947 bis 1953 huet den Nic Weber zu Paräis aalt Däitsch an aalt Englesch studéiert. No der Sorbonne, der Haute école de journalisme, der École supérieure des affaires sociales, Études internationales koum d' École du Louvre. 1950 koum hien zu Paräis als Redakter bei d'United Press.

1953 koum hien zeréck op Lëtzebuerg. No enger Zäit bei der Revue war en e puer Jore beim Tageblatt. Niewebäi huet hie sech am Journalisteverband als Sekretär a Caissier, du Vizepresident a President engagéiert.

1959 huet den Nic Weber bei RTL Radio Lëtzebuerg ugefaangen. Als Pionéier huet hie mat e puer Mataarbechter aus der klenger Alibi-Stonn e volle Programm entwéckelt a geschwënn war hie Chefredakter vum "UKW".

Vun 1988 u war den Nic Weber Editeur vun der neier Serie vun der kultureller Zäitschrëft Les Cahiers luxembourgeois.

Den Nic Weber huet sech 1951 mat der Miep H. E. Roselle bestuet an ass Papp vun zwee Kanner.

  • Der Traum mit dem Messer oder eine Anleitung zum Gesellschaftsspiel in CL (Les Cahiers luxembourgeois) 1956/4
  • Das Medaillon in CL 1957/5,6
  • Ein Haus brennt ab CL(1958/1,2
  • Der Zaunkreis in CL 1958/3
  • Notizen zu einer Deutschlandreise am Rande eines Schriftstellerkongresses in CL 1958/4,5
  • Die Stadt (zu den Bildern von Romain Urhausen) 1958
  • An der Grenze von Land und See (Übertragung der Lyrik von Paul Snoek ins Deutsche)1963
  • Der unbekannte Soldat CL 1964/3
  • Reiche Ernte CL 1965/2
  • Rhemara, die Maer vom Rehbuben in CL 1965/3,4
  • Lyrik aus Luxemburg (Stierstadt im Taunus) 1968
  • Die lauen Bruchpiloten. Zwei Erzählungen.Luxemburg: Institut grand-ducal. Section des arts et des lettres. 1980
  • Septembertage '44 und Landschaft '94, in CL 1994/4
  • Von Mac (zum Tode von Mac Schleich CL 1994/5
  • Paris mit Jacques Prévert und Romain Urhausen, CL 1997/2
  • Die freie Presse CL 1998/1
  • Goethes Zeichnungen, Köpenicks Grab CL 1999/1
  • Reisebilder (aus Südengland und Kleinasien) CL 2003/3
  • Im Bereldinger Garten CL 2003/4

Literaturpräisser

[änneren | Quelltext änneren]
  • Klecker, Nic, 1996. Pour Nic Weber. d'Lëtzebuerger Land. n° 23/7: 17.
  • Maas, Paul, 1980. Die Welt als Seifenblase: Nic Webers Erzählungen. Die lauen Bruchpiloten. Die Warte 25/1233. (16.10.1980).
  • Michels, Danièle, 1998. Verleger Nic Weber, «Lesen schadet nicht der Gesundheit». Revue. n° 3. (14.01.1998). pp. 18/19.
  • Treinen, Jean-Michel, 1999. Das Besingen kriegen wir noch hin: Land-Interview mam Nic Weber, Lauréat 1999 vum Batty-Weber Präis. d'Lëtzebuerger Land n° 48 (26.11.1999): 27.
Commons: Nic Weber – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. "De fréiere Chefredakter vun RTL Radio Lëtzebuerg ass dout." RTL.lu - 12.09.2013, 06:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.09.2013, 07:35.