Fernand Fox
Fernand Fox | |
---|---|
De Fernand Fox am Januar 2011 (Foto François Besch) | |
Gebuer |
26. Januar 1934 Bollenduerfer Bréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Schauspiller |
De Fernand Fox, gebuer de 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.
Hien ass bekannt fir seng joerzéngtelaang Presenz op Lëtzebuerger Bünen, an och als Schauspiller a Reklammssketcher, Kinos- an Televisiounsproduktiounen.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]No sengem Lycée an der Stad an zu Iechternach goung de Fernand Fox op d'Interbank an du bei ARBED schaffen (1957-1981). Duerno huet hien e Café, d'Theaterstuff, opgemaach, wou e bis zu senger Pensioun geschafft huet.
1956 stoung hien eng éischt Kéier am Stater Casino op der Bün, wou e vum Eugène Heinen entdeckt gouf. Hien huet doropshin 3 Joer Schauspillerei an Dictioun um Stater Conservatoire gemaach.
Hie war dunn 10 Joer laang Member vum Lëtzebuerger Theater an 30 Joer laang vum Kasemattentheater. Do donieft huet hie reegelméisseg a Produktiounen (dacks Cabaret) vun aneren Ensembele matgespillt, wéi z. B. am Kapuzinertheater, dem TOL oder dem Théâtre du Centaure.
Och an enger sëlleger Filmer, zulescht am Andy Bausch sengem Rusty Boys, war hien ze gesinn.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- Rusty Boys (2017) vum Andy Bausch
- D'Symmetrie vum Päiperlek (2012) vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
- L'orchidée (2012) vum Cyrus Neshvad
- Lingo vino (2009) vum Daniel Texter
- Pido perdon (2009) vum Sascha Heyar
- Deepfrozen (2006) vum Andy Bausch
- La Revanche (2004) vum Andy Bausch
- Back in Trouble (1997) vum Andy Bausch
- Le Club des Chômeurs (2001) vum Andy Bausch
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven (1993) vum Andy Bausch
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom (1989) vum Andy Bausch
- 800 Joer Buurg Clierf (1981) vum Marc Thoma
- Das Puppenspiel (1978) vum Marc Thoma
Televisioun
[änneren | Quelltext änneren]- Weemseesdet (Sitcom, 2011)
- E Liewe laang (1992)
- Ex und hopp (1991) vum Andy Bausch
- Déi zwéi vum Bierg (1985) vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger
- E Fall fir sech (1984) vum Menn Bodson
Documentaire
[änneren | Quelltext änneren]- Succès Fox (2014) vun der Désirée Nosbusch
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur am Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2019)[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- "E Liewen am Theater." Reportage op 100komma7.lu, 29. Jan 2019 - 10:45.