Théâtre du Centaure

Vu Wikipedia

Den Théâtre du Centaure ass en Theater an der Stad Lëtzebuerg, deen am Joer 1973 gegrënnt gouf.

Matgrënner an Haaptmann an den Ufanksjore war de Philippe Noesen. Zanter 1985 ass den Théâtre du Centaure an engem verwëllefte mëttelalterleche Keller vum Haiserkomplex Am Dierfgen installéiert, wou bis zu 65 Spectateure Plaz fannen.

Zanter September 2015 ass d'Myriam Muller d'artistesch Direktesch. De Pierre Rauchs ass President, de Jules Werner bleift Directeur administrif an d'Sophie Langevin gëtt Generalsekretärin. Virdrun hat d'Marja-Leena Junker vun 1992 bis 2015 déi artistesch Direktioun.[1]

Den Théâtre du Centaure féiert all Joer 4 bis 5 Stécker an den 3 Landessproochen op. Et sinn dat dacks modern Stécker, oder Neiadaptatioune vu Klassiker.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nei Saison am Centaure mat neier Ekipp an neier Identitéit." rtl.lu, 18.09.2015, 14:03:29.