Philippe Noesen
Ausgesinn
Philippe Noesen | |
---|---|
Gebuer | 17. Oktober 1944 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller |
![]() |
De Philippe Noesen, gebuer de 17. Oktober 1944 an der Belsch zu Brugge, ass e lëtzebuergesche Schauspiller, Theaterintendant a Regisseur.
Als Kand vun enger belscher Mamm a lëtzebuergesche Papp, huet de Philippe Noesen seng Kandheet zu Lëtzebuerg verbruecht. Hien huet zu Paräis säi Studium an art dramatique gemaach a war vun 1969 bis 1972 Member vun der Comédie française. Nees zeréck zu Lëtzebuerg war hien 1973 Matgrënner vum Théâtre du Centaure. 1992 gouf hien als Direkter vum Escher Theater nominéiert, an hie war dat du bis 2004.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- E Fall fir sech (1984)
- Déi zwéi vum Bierg (1985)
- L'amour en suspens (2001) vum Herman Van Eycken
- La Revanche (2004)