L'amour en suspens
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Belsch Lëtzebuerg Portugal |
Première | 30. Mee 2001 (BE) |
Dauer | 85 min |
Originalsprooch | Franséisch, Englesch |
Ekipp | |
Regie | Herman Van Eyken |
Dréibuch | Herman Van Eyken, Micheline Hardy |
Fotografie | Rémon Fromont |
Musek | Arno, Jeannot Sanavia |
Schnëtt | Philippe Ravoet |
Produzent |
Jani Thiltges,(Samsa Film) Herman Van Eycken, (Alice in Wonderland) Luis Galvao Teles, (Fado Filmes)]] Arlette Zylberberg, (RTBF, Télévision belge) |
Schauspiller | |
Marc Duret als Marcel Inge Paulussen als Loulou Andréa Ferréol als Blanche Delphine Bibet als Roberte François Beukelaers als Deny Valérie Bodson Philippe Noesen | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Spillfilm L'amour en suspens oder och nach Le bal des pantins ass eng belsch-lëtzebuergesch-portugisesch Koproduktioun vum Herman Van Eyken aus dem Joer 2001.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Raymond, e räiche Plantagebesëtzer a Malaysien, vermécht säi ganzt Verméige senger Duechter Loulou, déi an Europa lieft. Säin Associé de Marcel ass awer net d'accord domat n hie probabéiert sech dat ze huelen, op dat hie mengt Usproch ze hunn.
Filmproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]Vum Lëtzebuerger Filmfong krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film eng "Aide à la distribution" an Héicht vu 679.643 Lëtzebuerger Frang, deemools ronn 17.000 Euro, plus eng "Aide à la promotion" vun 300.000 Frang (ronn 7.500 Euro).[1]
Den engleschen Titel vum Film ass Ties and Ropes.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Am November 2000 gouf de Film am Kader vum Fokus op de lëtzebuergesche Film um Filmfestival vu Kalkutta an Indien viru méi wéi 1.000 Zuschauer gewisen.[2] Och de Regisseur Herman Van Eyken war bei där Opféierung dobäi.
De Film krut um Festival du Film d'Aubagne de Präis fir déi bescht Schauspillerin an de Spezialpräis vun der Jury. Fir seng Filmmusek krut de Sänger Arno de "Prix Joseph Plateau". Donieft gouf de Film och fir dat bescht Dréibuch um Festival du Film d'Amour de Mons ausgezeechent.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Film op der Websäit vu Samsa Film
- De Film op cineuropa.org an op cinergie.be
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säiten 2 a 7
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 190