Jules Werner

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Jules Werner
Gebuer 30. September 1977
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jules Werner, gebuer den 30. September 1977[1] zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.

De Jules Werner huet an den USA an zu London gelieft, wou hien tëscht 1998 an 2001 Schauspillerei op der Guildhall School of Music and Drama studéiert huet. Zu Guildhall krut hien d'Gold Medal for Acting. Duerno huet hien nach e puer Joer an England gelieft, wou en ë. a. fir d'BBC ("Spooks") an d' Edward Hall's Propeller theatre company geschafft huet, ier en op Lëtzebuerg hannescht koum.

Hei schafft regelméisseg a verschiddenen Theaterproduktioune mat an ass och an enger jett Filmer ze gesinn.

Fir seng Haaptroll als Inspekter Faber am Christophe Wagner sengem Doudege Wénkel krut hien 2014 de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun.

De Jules Werner ass d'Kandskand vum Pierre Werner.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Websäit vun der Dreigroschenoperproduktioun vun 2007

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial, Säit 43020 (pdf)