Sam Garbarski

Vu Wikipedia
Sam Garbarski
Gebuer 13. Februar 1948
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

De Sam Garbarski, gebuer den 13. Februar 1948 zu Krailling, Däitschland,[1] ass e belsche Filmregisseur an Dréibuchauteur. All seng Spillfimer si lëtzebuergesch Koproduktioune mat Samsa Film.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1970 an 1997 huet de Sam Garbarski seng Publicitéitsagence geleet. Hien huet ronn 50 Reklamm-Spotten an e puer Kuerzfilmer gedréint, éier en 2003 säin éischte Spillfilm Le tango des Rashevski erausbruecht huet.[2][3] En handelt ëm eng belsch jiddesch Famill an den Doud vun der Groussmamm Rosa. Zu de Schauspiller zielen den Hippolyte Girardot a Ludmila Mikaël

Säin zweete Spillfilm, Irina Palm, ass 2007 am Concours vun der Berlinale gelaf a war e Favorit vum Publikum.[1] En erzielt d'Geschicht vum Maggi, enger 50-järeger Wittfra, déi eng nei Aarbecht an enger Peep-Show fënnt, well se séier Sue brauch fir hiren Enkel ze fleegen, deen am Stierwe läit. Vun hirem neie Patron kritt si den Numm Irina Parlm, dee méi exotesch klengt.[3] De Film krut de Publikumspräis vun der Lieserjury vun der Berliner Morgenpost a gouf an der Kategorie "Bescht Koproduktioun" beim Lëtzebuerger Filmpräis 2007 ausgezeechent. D'Haaptschauspiller Marianne Faithfull a Miki Manojlović goufen donieft och nach fir den Europäesche Filmpräis 2007 nominéiert.

Quartier lointain, mam Pascal Greggory an Alexandra Maria Lara, war dem Sam Garbarski säin drëtte Spillfilm. E gouf och fir eng Rei Präisser nominéiert, ënner anerem fënnefmol fir de Magritte du cinéma, dorënner an der Kategorie "Beschte Regisseur".

Och de Film Vijay and I (2013), bei deem de Moritz Bleibtreu an d'Patricia Arquette d'Haaptrolle spillen, gouf véiermol fir e Magritte ausgezeechent, wouvunner en de Präis an der Kategorie "Bescht Kostümer" gewonnen huet.

An der selwechter Kategorie huet säi Film Es war einmal in Deutschland mam Moritz Bleibtreu an Antje Traue de Magritte gewonnen. Am Film geet et ëm jiddesch Iwwerliewend vum Holocaust an Däitschland kuerz nom Krich, déi séier an d'USA auswandere wëllen an dofir Sue brauchen. De Film gouf och als beschte Film um Internationale Filmfestival vun Norwegen ausgezeechent.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De Sam Garbarski ass a Bayern opgewuess an am Alter vun 22 Joer an d'Belsch ausgewandert.[2] Seng Mamm ass jiddesch.

Hien huet Droit studéiert, mee säi Studium net ofgeschloss.

Hien ass de Papp vun der Schauspillerin Tania Garbarski.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Biographie um Filmportal
  2. 2,0 2,1 Biographie op der Websäit vum Lux Film Fest
  3. 3,0 3,1 Biographie op allocine.fr