Op den Inhalt sprangen

Eric Lamhène

Vu Wikipedia
Eric Lamhène
Gebuer 1983
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

Den Eric Lamhène, gebuer 1983, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Hien huet 2010 säin Ofschloss op der London Film School gemaach.[1]

Zënterhier huet hie véier Kuerzfilmer (Stand: Dez. 2015) op Lëtzebuergesch gedréit: Lauschter (2010), Flou (2012), Gëff eens (2013) a Serena (2014).

Hien huet ausserdeem un der RTL-Sitcom Comeback matgeschriwwen an och bei véier Episode Regie gefouert. Mam Jacques Molitor huet hien d'Dréibuch vun deem sengem Spillfilm Mammejong geschriwwen. Hien ass och Co-Auteur, mam Thierry Faber a mam Christophe Wagner, vun der Televisiounsserie Capitani.

Am Documentaireberäich huet hie puer Episode vun der Serie routwäissgro realiséiert, sou wéi de Kuerzfilm Hotel Budapest (2016).

Am November 2024 koum mat Hors d'haleine säin éischte Spillfilm an d'Kinoen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Iwwer den Eric Lamhène". op tele.rtl.lu.