Gëff eens
Ausgesinn
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland |
|
| Première | 2013 |
| Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
| Ekipp | |
| Regie | Eric Lamhène |
| Dréibuch | Yannick Kocks |
| Fotografie | Rae Lyn Lee |
| Musek | Fränz Hausemer |
| Schnëtt | Amine Jaber |
| Produzent | Stéphane Caboche, Anne Schroeder |
| Produktiouns- gesellschaft |
CNA SNJ |
| Schauspiller | |
|
Jules Waringo: Noah Loïc Pavant: Baba Frédéric Frenay: Papp | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Gëff eens ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum Eric Lamhène. E koum den 1. Abrëll 2013 an de Kino.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Den Noah an de Baba si Kolleegen. Enges Daags leeft de Baba viru sengem gewalttätege Papp fort a verstoppt sech beim Noah. Wéi de Papp op eemol opdaucht, maache si sech zesummen aus dem Stëbs...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]D'Geschicht vum Film baséiert op Tatsaachen an um Dréibuch Gëff eens domadden, ech gin et och (sic). Dat hat de Concours "Crème Fraîche" gewonnen, dee vum SNJ a vum CNA am Kader vum Discovery Zone Luxembourg City Film Festival am Joer 2012 organiséiert gouf[1].
Am Kuerzfilm ass en Extrait aus dem Lidd De Kueb vun De Läb ze héieren.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ gouvernement.lu: Palmarès vom zweifachen Filmwettbewerb "Crème Fraîche" im Rahmen vom Discovery Zone Luxembourg City Filmfestival (6. Mäerz 2012)
