De Läb

Vu Wikipedia
De Läb
De Läb am Joer 2018
Museksgenre Hip-Hop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2006
Websäit Bandcamp
Aktuell Memberen Corbi (Rap & Beats)
den David Fluit (Rap, Beats, Scratches)
DJ Funkstarr
René Däiwelskärel Macri (Bass)
Benoît Martiny (Drums)
Georges Sadeler (Saxophon)
Michel Lopes (Keyboard)
Fréier Memberen Spenko (Beats, Scratches)

De Läb ass eng lëtzebuergesch Hip-Hop a Rap-Band aus dem Süde vum Land. Si gouf am Summer 2006 vun 3 jonke Minettsdäpp an d'Liewe geruff an hat 2007 hiren éischte Concert.

An der Grënnungsformatioun waren de Corbi (Rap a Beats), den David Fluit (Rap, Beats & Scratches) an de Spenko (Beats & Scratches). Déi aktuell (Stand 2020) Besetzung besteet nieft den 2 Frontmänner Corbi an David Fluit, aus dem DJ Funkstarr, dem Bassist René Däiwelskärel Macri, dem Benoît Martiny op den Drums, dem Saxophonist Georges Sadeler an dem Michel Lopes um Keyboard. Alleguer si s'och verantwortlech fir déi eng oder aner Kompositioun.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nom hirem éischte Concert de 7. Juli 2007 um Dudelange On Wheels Skate Contest ass de selwechten Dag hir éischt EP erauskomm. Dat Joer ass hir éischt Radiosingle mam Titel 8 Buschtawen um Eldoradio gelaf.

Wärend 3 Joer ware s'an enger klassescher MC-DJ-Formatioun op de Bünen ënnerwee, bis se 2010 zu der éischter Hip Hop-Liveband vu Lëtzebuerg mutéiert sinn a real Museker mat u Bord geholl hunn. An dem Joer ass och hir vun der Zeen ëmstridde Single On se Biitsch (eng Reprise vum Fausti Song), op de Radioe gelaf. Dat Lidd ass am Kader vun der Kompilatioun Planet Lëtzebuerg Reloaded entstanen. Zousätzlech dozou, waren de Corbi an David Fluit am Oktober 2010 ënner dem Projet Brach mat de Beatmaker Tim Lecomte (och bekannt als Loose Body Parts) a Fred Baus (och bekannt als Airstrip One) selektionéiert ginn, fir op der Weltausstellung am Lëtzebuerger Pavillon zu Shanghai ze spillen.

Den 20. Mai 2011 gouf hiren éischten Album D'Stëbslong am Club-Sall vun der Rockhal virgestallt, wouvun d'Titelen De Läbdance, Den Dag vun der oppener Dier (Loose Body Parts Re-Vive) an Loss dech goen (feat. Sascha Ley) um Radio ze héiere war. Am nämmlechte Joer si s'och mam OPL, am Kader vun der Fête de la Musique opgetrueden.

Dono hunn "déi fäin Drecksäck aus dem Minett" keng Bün méi ausgelooss, bis se de 5. Abrëll 2013 hiren zweeten Opus, am Rockhal Club, presentéiert hunn. Op dëser Plack sinn hir bis lo gréisst Radiohitten, wéi den Häppy Hippokrit (feat. Maxime Bender) an De stolze Bauer (feat. Yves Schmartz), déi bal keng Radiorotatioun verpasst hunn.

No enger méi laanger Paus, koum dunn den 28. Oktober 2016 den drëtten Album vun de Läb mam Titel Kale Bauer, op de Maart. Am nämmlechte Joer ass och d'Lidd Alles Easis vum Eldoradio als hir éischt Single ernannt ginn, nodeems se de Videoclip dovun ouni grouss Ukënnegung erausbruecht haten. D'Songs Wuarm Gedanken a Verännerung vs. Stëllstand, kruten uschléissend och hiren Airplay.

2017 gouf, am Kader vum 10-järegen Anniversaire vun der Band, De Läb Orchästra, en 19-käppegen Orchester, zesummegestallt. E war och Headliner um Food For Your Senses 2017, an huet dat Joer drop de Clubsall vun der Rockhal ausverkaaft. Zu dëser aussergewéinlecher Feier hunn se och hir drëtt EP, mam Numm Dekäd ënnert d'Vollek bruet, wouvun d'Single Dispens op de Radiostatiounen ze fanne war.

Am Mäerz 2023 gouf hir véiert EP mam Titel Ween ass am Haus (Gemaach) ?! an der Kulturfabrik presentéiert.

De Läb huet bis ewell (Stand 2023) ënner anerem dräimol um Rock-A-Field gespillt, wéi och siwemol um Food For Your Senses, verschiddene Podiume vun der Fête de la Musique, dem E-Lake Festival, dem Rock um Knuedler, dem Terres Rouges Festival, dem Mess for Masses an nach vill anerer. Woubäi een och ernimme kann, datt De Läb säit hirem éischten Optrëtt um e-Lake Festival 2010, bis haut nach all Joer do opgetrueden ass.

Si sinn och als Virgrupp vu Vedetten opgetruede wéi de Snoop Dogg, Cypress Hill feat. Mix Master Mike, KRS-One, IAM, Guru's Jazzmatazz (Guru vu Gang Starr), Talib Kweli (Black Star, Reflection Eternal), The Four Owls, Fanta 4 & Thomas D (Fanta 4), Yarah Bravo an nach ville méi.

Stil[änneren | Quelltext änneren]

De Läb an Aktioun (2023)

Hire Stil kann een als bewosste Rap (Conscious Rap) bezeechnen. Als Basis fënnt een de Klang vum Boom Bap aus der gëllener Ära vum Hip Hop (90's Golden Era Hip Hop) erëm a si verkierperen déi nei Schoul mat der Astellung vu gëschter. Hir Lyrics hunn gréisstendeels e gesellschaftskriteschen Hannergrond, ëmmer begleet vun engem gudden Hauch Ironie a Sarkasmus. Hir Soundfaarf ass vu Samples beaflosst, déi si dacks vu Schallplacken huelen, ëfters aus den 1960er an 1970er Joren, aus Museksgenrë wéi dem Jazz, Funk, Soul, Library Music, B-Movie Soundtracks an nach villem méi.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: D'Stëbslong
  • 2013: Sex, Drugs an e Prêt
  • 2016: Kale Bauer

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: D'Wourecht
  • 2008: Dee mat der Kaz danzt
  • 2018: Dekäd
  • 2023: Ween Ass am Haus (Gemaach) ?!

Singles[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007: 8 Buschtawen
  • 2010: De Läbdance
  • 2010: On se Biitsch (Fausti Cover)
  • 2011: Den Dag vun der oppener Dier (loose body parts re-vive)
  • 2011: Loss dech goen (feat. Sascha Ley)
  • 2013: Häppy Hippokrit (feat. Maxime Bender)
  • 2013: De stolze Bauer (feat. Yves Schmartz)
  • 2016: Alles Easis (feat. Claire)
  • 2017: Wuarm Gedanken
  • 2017: Verännerung vs. Stëllstand
  • 2018: Dispens

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]