Soundtrack

Vu Wikipedia

De Begrëff Soundtrack bezeechent op Englesch wiertlech d'Tounspur vun engem Film. Haut gëtt domat bal nëmmen nach déi Musek genannt, déi an engem konkreete Film oder Computerspill zum Asaz kënnt (vgl. Filmmusek). De Soundtrack vun engem Film oder Spill kann nei komponéiert Musek sinn, oder awer Stécker/Lidder, déi et scho gëtt.

Soundtracke ginn dacks als Plack, Audio-CD oder Audiodatei publizéiert.

D'Ofkiezung O.S.T. oder O.M.P.S.T. (Original (Motion Picture) Soundtrack) bezeechent déi (Versioun vun der) Musek, déi original fir de Film opgeholl gouf, am Ënnerscheed zu enger Neiopnam.