Eldoradio

Vu Wikipedia
De Logo vum Eldoradio

Eldoradio ass e private lëtzebuergesche Radiossender mat Sëtz um Kierchbierg.

E gouf 1991, gläich no der Liberaliséierung vun der Radiodiffusioun, gegrënnt. D'„Mark“ Eldoradio gehéiert der „Luxradio“, enger S.à r.l., un där bis 2019 d'CLT-UFA an Editpress bedeelegt waren. Enn 2019 huet d'CLT-UFA d'Parte vun Editpress komplett iwwerholl.

Eldoradio ass haut déi zweetmeescht gelauschtert Radiostatioun zu Lëtzebuerg an déi am meescht gelauschtert bei de Leit ënner 35 Joer[1]. Si spillt e moderne musikalesche Programm (Rock-Pop), hiren Zilpublikum läit tëscht 15 an 35 Joer (CHR Radioformat = Contemporary Hitradio). Vill vun de jonke Moderatore fënnt ee spéider bei anere Radioen erëm, sief dat RTL (Gérard Floener, Dan Vinkowsky, Marie Gales, Coryse Ludowicy....) oder och fréier beim DNR (Mike Welter). D'Radiocharts bei Eldoradio heeschen Chartbreaker.

Empfänke kann een den Eldoradio op de Frequenzen 95,0 MHz, 105,00 MHz an 107,20 MHz op UKW[2]. De Programm gëtt vun 05:00 bis 20:00 live ausgestraalt. Noriichte gëtt et all Stonn um 10 vir an um 20 op.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 122.200 Leit iwwer 12 Joer Eldoradio gelauschtert[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • David Gloesener (2017-)
  • Christophe Goossens (2007-2017)
  • Isabel Galiano (2003-2007)
  • Claude Muller (1995-2003)
  • Vic Reuter (1994-1995)
  • Guy Ludig (1991-1994)
  • Fernand Weides(1991- 1992)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.eldo.lu/news/news/12427.html
  2. Eldo.lu. www.eldo.lu. Gekuckt de(n) 2022-11-18.
  3. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.