Sascha Ley
| Sascha Ley | |
|---|---|
| Gebuer |
13. September 1967 Saarbrécken |
| Alter | 58 Joer |
| Nationalitéit | Däitschland, Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Sängerin, Komponistin, Jazzmusekerin, Theaterschauspillerin, Filmschauspillerin, Schauspillerin, Musekerin |
|
| |
D'Sascha Ley, gebuer den 13. September 1967 zu Saarbrécken, ass eng däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Komponistin a Sängerin.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Sascha Ley huet hir Kandheet bis 11 Joer tëscht Lëtzebuerg an Däitschland verbruecht, an ass duerno an der Stad Lëtzebuerg opgewuess.
Nieft dem Gesank an dem Schauspill gëtt si sech an de leschte Joren och ëmmer méi mat der Kompositioun, dem Schreiwen a geleeëntlech der Dramaturgie-Regie fir Danztheaterproduktiounen of.
2005 gouf si op der Berlinale als European Shooting Star fir Lëtzebuerg designéiert, 2004 krut si de Präis fir déi bescht Interpretatioun vun de More Songs For Life vun der Aids-Hëllef-Initiativ.
2009 ass si mat hirem Trio KALIMA mat dem Prix du public vum Tremplin JAZZ d'Avignon ausgezeechent ginn.
Zanter hirem éischte selwerkomponéierten Album "Travelling Light" 2007 huet d'Sascha Ley sechs Album produzéiert a verëffentlecht, a war op weideren als guest singer present.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1983: Van Drosselstein - Regie: Andy Bausch - Haaptacteuren: Thierry van Werveke, Claude Waringo - (Kuerzfilm)
- 1989: Schacko Klak - Regie: Paul Kieffer, Frank Hoffmann - Haaptacteuren: André Jung, Pol Greisch
- 1994: D'Sandauer - Regie: Christian Delcourt - Haaptacteuren: Nicole Max, Conny Scheel - (als Fränz)
- 1997: Elles- Regie: Andy Bausch - Haaptacteuren: Miou-Miou, Marthe Keller - (als dem Linda seng Assistentin)
- 1997: Back in Trouble- Regie: Andy Bausch - Haaptacteuren: Thierry van Werveke, Ender Frings - (als Juliette Kalmes-Moreno)
- 1998: 8½ Women - Regie: Peter Greenaway - Haaptacteuren: Toni Collette, Amanda Plummer, Myriam Muller - (als Nonn)
- 1999: Shadow of the Vampire - Regie: Elias E. Merhige - Haaptacteuren: John Malkovich, Willem Dafoe - (als alkoholiséiert Fra)
- 2001: CQ - Regie: Roman Coppola - Haaptacteuren: Jeremy Davies, Élodie Bouchez - (als Kritikerin)
- 2002: De tweeling - Regie: Ben Sombogaart - Haaptacteuren: Ellen Vogel, Nadja Uhl - (als Frau an engem Bus)
- 2004: La revanche- Regie: Andy Bausch - Haaptacteuren: Thierry van Werveke, Fernand Fox - (als Tessie)
- 2004: Autobahnraser - Regie: Michael Keusch - Haaptacteuren: Luke Wilkins, Alexandra Neldel
- 2006: In a Dark Place - Regie: Donato Rotunno - Haaptacteuren: Leelee Sobieski, Tara Fitzgerald - (als Rezeptionistin)
- 2006: Deepfrozen - Regie: Andy Bausch - Haaptacteuren: Peter Lohmeyer, Lale Yavas - (als Shannell)
- 2007: Time for new heroes - Regie: Christian Neumann - (Kuerzfilm)
- 2007: You for me - Regie: Cyrus Nevshad - (Kuerzfilm)
- 2009: House of Boys - Regie: Jean-Claude Schlim - Haaptacteuren: Loïc Peckels, Layke Anderson - (als dem Frank seng Mamm)
- 2008: Räuberinnen - Regie: Carla Lia Monti - Haaptacteuren: Nina Bühlmann, Myriam Muller - (als Karla)
- 2009: Lettres de Julia - Regie: Isabelle Costantini
- 2010: Mano de Dios - Regie: Adolf El Assal - (Kuerzfilm)
- 2012: The Hunters - Regie: Chris Briant - Haaptacteuren: Steven Waddington, Tony Becker
- 2012: Hannah Arendt - Regie: Margarethe von Trotta - Haaptacteuren: Barbara Sukowa, Axel Milberg - (als Lore Jonas)
- 2014: Fieber - Regie: Elfi Mikesch - Haaptacteuren: Eva Mattes, Martin Wuttke, Nicole Max - (als Marguérite)
- 2015: Cosmodrama - Regie: Philippe Fernandez - Haaptacteuren: Jackie Berroyer, Bernard Blancan - (als Biologin)
- 2021: Strangers - Regie: Eric Lamhène
- 2021: Maret - Regie: Laura Schroeder - Haaptacteuren: Susanne Wolff, Iben Hjejle - (als Hannah Skolarczik)
- 2021:Endstatioun - Regie: François Baldessare - (Kuerzfilm)
- 2022:Little Duke - Regie: Andy Bausch - Haaptacteuren: André Jung, Luc Feit - (als Elodie)
- 2024:Hors d'haleine - Regie: Eric Lamhene - Haaptacteuren: Carla Juri, Véro Tshanda Beya Mputu - (als Tania)
- 2025:L'épopée des femmes pirates - Regie: Frédéric Malègue, Laurence Thiriat - Haaptacteuren: Eugénie Anselin, Tommy Schlesser
- 2025:Winter of the Crow - Regie: Kasia Adamik - Haaptacteuren: Lesley Manville, Melissa Dalton - (als Beata)
- 2025:On sera heureux - Regie: Léa Pool - Haaptacteuren: Mehdi Meskar, Céline Bonnier - (als Gloria Price)
- 2026:Backstage - Regie: Emile V. Schlesser - Haaptacteuren: Jonathan Joél Albrecht, Tommy Schlesser - (Kuerzfilm)
Televisioun
[änneren | Quelltext änneren]- 2004: Tatort - (TV-Serie) - Episod: Teufel im Leib - Regie: Hans-Christoph Blumenberg - Haaptacteuren: Jochen Senf, Leslie Malton, Sky du Mont - (als Dr. Barbara Schreiner)
- 2012: Comeback - (TV-Serie) - Episod: D'ganz Nuecht op - Regie: Emile V. Schlesser - Haaptacteuren: Gintare Parulyte, Leslie Malton, Al Ginter
Musek
[änneren | Quelltext änneren]Souwuel am Gesank wéi och an hire Kompositioune beweegt sech d'Sascha Ley fléissend tëscht Jazz, fräier Improvisatioun, imaginärem Folklor, dem Chanson a geleeëntlechem Flirt mat zäitgenëssescher Musek.
Si huet bei der hollännescher Sängerin Reinette van Zijtveld un der DJAM Jazz School zu Amsterdam a spéider zu Kenny Seymour an um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg studéiert, gefollegt vu Stagen a Masterclass mam Meredith Monk, Gabriele Hasler, Sainkho Namtchylak, Shelley Hirsch a Frank Köllges. Um Jazz India Vocal Institute zu Mumbai huet si ënner der Leedung vun Dhanashree Pandit-Rai Ablécker an de klasseschen Hindustanesche Gesank kritt.
D'Sascha Ley séngt a komponéiert fir hir eege Pojeten an op Optrag fir Filmmuseken, Radio a Studio.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1999: Heute Abend: Lola Blau
- 2001: Mutant Standards (Garlicks feat. Sascha Ley)
- 2007: Travelling Light
- 2010: Kalima (als Kalima)
- 2013: Everything Within (als Kalima) | Neuklang
- 2015: The Wee Hours (Sascha Ley & Laurent Payfert)
- 2019: It's Alright To Be Everywhere (Sascha Ley & Laurent Payfert) | JazzHausMusik
- 2021: Saluti a Peppino (Georg Ruby Village Zone feat. Sascha Ley) | JazzHausMusik
- 2022: In Between | JazzHausMusik
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2013)[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Promotion générale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministère de la Culture Archivéiert den 10.10.2013. Gekuckt de 24.01.2015.
