Laurent Payfert

Vu Wikipedia
Laurent Payfert
Gebuer 24. Januar 1970
Algréngen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Jazzmuseker, Kontrabassist

De Laurent Payfert, gebuer de 24. Januar 1970 zu Algréngen a Loutrengen, ass e franséischen Jazz-Kontrabassist.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vun 8 Joer huet de Laurent Payfert ugefaangen, Musek ze maachen an hëlt klassesch Musekscoursen an de Fächer Gesank a Trompett um Metzer Conservatoire.[1] An den 1980er Joren huet hien ugefaangen, elektresche Bass ze spillen, an den 1990er ass de Kontrabass, deen haut säin Haaptinstrument ass, derbäikomm,.

Dem Laurent Payfert säi musikalesche Stil ass artistesch, technesch a konzeptuell vu follgende Museker beaflosst: Joseph Ramacci, Loris Binot, Ricardo Del Fra, Barre Philips, Steve Lacy, Peter Kowald, Hein Van De Geyn, Noël Akchoté, Kenny Werner, Ari Hoenig, Ron Carter et J. S. Bach.

De Laurent Payfert huet ënner anerem mat follgende Museker gespillt: Adam Rogers, Noël Akchoté, Maxime Bender, Jérôme Bourdellon, Jean-Marc Folz, Roby Glod, Jeff Herr, Be Konen, Peter Kowald, Steve Lacy, Greg Lamy, Lê Quan Ninh, Sascha Ley, Christian Mariotto, Murat Öztürk, Michel Pilz, Damien Prud'homme, Joseph Ramacci, Jean-Marc Robin, Pascal Schumacher, Jef Sicard.

De Laurent Payfert ass op follgende Festivallen opgetrueden:

  • Frankräich: Musique Action (Vandœuvre-lès-Nancy), NPAI[2] (Parthenay), Nancy Jazz Pulsations[3], DJazz Nevers (Loire), Charleville Action Jazz, Jazz à Mulhouse, [djaz]51 (Reims).
  • Aner Länner: Gaume Jazz Festival (Belsch), Kriol Jazz Festival (Praia, Cap Vert), D.C. Francophonie Festival (Washington D.C., USA).

Hien huet vun 1991 bis 2005 am Quintett an am Septett vum Loris Binot matgespillt.

Hie spillt reegelméisseg an der lëtzebuergescher Jazz-Formatioun Jeff Herr Corporation, déi Concerten an Tournéeën ë. a. a follgende Länner organiséiert huet: Russland, Japan, Griicheland, Däitschland, Belsch, England, Indien, Cap Vert, Ukraine a Frankräich.

Laurent Payfert 4tet[änneren | Quelltext änneren]

  • Damien Prud'homme, Saxophonen
  • Murat Öztürk oder Jean-Yves Jung, Piano
  • Jean-Marc Robin, Batterie
  • Laurent Payfert, Kompositioun a Kontrabass

De Laurent Payfert huet säi Quartett am Joer 2011 gegrënnt, an deem nëmmen Eegekompositoune gespillt ginn, déi an der Jazz-Geschicht a mat der Musek vu follgenden Jazz-Museker a -Gruppe verwuerzelt ass: Thelonious Monk, Steve Lacy, Duke Ellington, Charles Mingus, Weather Report, Miles Davis, Wayne Shorter.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Jazz an aner improviséiert Museksstiler[änneren | Quelltext änneren]

  • 1999 - Loris Binot 7tet, "Objet de jazz"
  • 2002 - Loris Binot 5tet, "Territoires"
  • 2004 - Loris Binot 5tet, "Le bleu le noir" & "Sanem"
  • 2012 - Mariette Hélou 4tet, "Danse nomade"
  • 2013 - Jean Pascal Boffo, "Le chant des fleurs"
  • 2014 - Jeff Herr Corporation, "Layer cake"
  • 2015 - Sascha Ley / Laurent Payfert Duo, "the wee hours"
  • 2015 - Laurent Payfert 4tet, "Danse sucrée"
  • 2016 - Jean Pascal Boffo, "Vol d'oiseaux"

Chansonen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014 - Suzy K., "Heavy Things & Peaceful Water"
  • 2015 - Kel, "Un endroit à Anvers"

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pagier, Joël, 2005. Laurent Payfert. Interview. Improjazz n°120: 10.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laurent Payfert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. cf. Conservatoire à rayonnement régional de Metz
  2. Nouvelles pistes artistiques inclassables
  3. Cf. https://nancyjazzpulsations.com/
  4. Dem Laurent Payfert seng Foto ass op der Titelsäit vun där Nummer vun Improjazz.