Food for Your Senses

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Food For Your Senses)

De Food for Your Senses Festival (heiansdo ofgekierzt als FFYS) war e Museksfestival, bei deem op verschiddene Büne Gruppen aus Lëtzebuerg, aus der Groussregioun oder soss enzwousch, opgetruede sinn. Organisateur war d'asbl Food for Your Senses.

2015 gouf eemoleg ënner dem Numm Capital Sounds an de Rotonden an der Stad Lëtzebuerg een Ersatz organiséiert.

2019 ass annoncéiert ginn, datt an deem Joer déi lescht Editioun vum Food for Your Senses géif stattfannen.[1][2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Festival ass aus dem Festival Rock de Stéier ervirgaangen, dee vum Club des Jeunes Tuntange vun 2002 - 2006 zu Tënten am Keller vun der Primärschoul organiséiert gouf. Well ëmmer méi Visiteure komm sinn ass decidéiert ginn, dem Festival méi en treffenden Numm ze ginn an d'Plaz ze wiesselen, en ass awer ëmmer nach zu Tënten organiséiert ginn. Zanter 2009 ass d'"Food For Your Senses asbl" fir d'Organisatioun zoustänneg.

Well d'Plaz zu Tënten wéinst deem grousse Succès am Joer 2012 nees ze kleng gouf, hunn d'Organisateuren de Festival 2013 op Biissen verluecht. 2015 huet nees missen eng aner Plaz fonnt ginn, an de Festival gouf, an engem ofgeännerte Format an ënnert dem Numm Capital Sounds, an d'Rotonden hannert der Stater Gare verluecht.

Nodeems och déi Veranstaltung 2016 huet missen ofgesot ginn, gouf am Oktober 2016 bekannt gemaach, datt fir d'Joer 2017 de Festival um Boulevard Pierre Frieden um Kierchbierg geplangt wier.[3]

Am Dezember 2018 hunn d'Organisateure matgedeelt, datt déi lescht Editioun vum Festival am Fréijoer 2019 sollt organiséiert ginn.[1] Dat well d'Organisateuren eng kleng Grupp vu Frënn tëscht 30 a 35 Joer wieren, deenen déi organisatoresch Erausfuerderungenze vill géife ginn. Si géife sech elo hire beruffleche Karriären an hire Kanner widmen.[2] Déi lescht Editioun vum Festival war deementspriechend am Mee 2019 um Kierchbierg.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

2007[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Editioun vum Food For Your Senses war de 25. Mee 2007. Et goufen am Ganzen 3 Bünen, eng an der Sportshal zu Tënten, déi zweet an engem Zelt um selwechte Site an déi drëtt am Clubroom vum Club des Jeunes. Am Ganze waren ëm déi 1.500 Leit present an et hunn 19 Gruppe gespillt:

2008[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi zweet Editioun vum Festival goufen zwéin Deeg fixéiert, an zwar den 10. an den 11. Mee 2008. Genee wéi bei där éischter Editioun, gouf et erëm 3 Bünen, allerdéngs war déi 3. Bün net méi an der Tëntener Sportshal, mä déi Kéier am Schoulhaff vun der Tëntener Primärschoul. Et hunn dat Joer 41 Gruppe gespillt, dat waren der méi wéi dat Duebelt vum éischte Joer:

Well d'Concerten zwéin Deeg gedauert hunn, gouf e Camping an der Géigend vum Site amenagéiert wou d'Visiteuren iwwernuechte konnten. Do goufen 2008 ëm déi 450 Zelter opgeriicht. De Camping gëllt haut als e wichtegen Deel vum Festival, vill Leit ginn net wéinst der Musek op de Festival, mä wéinst der gudder Stëmmung um Camping.

2009[änneren | Quelltext änneren]

Déi 3. Editioun vum Festival huet 3 Deeg gedauert, an zwar vum 27. bis den 29. Mee. Am Ganze goufen iwwer 1.500 Leit pro Dag gezielt. Nieft den 83 Gruppen, déi opgetruede sinn, gouf och den neien offizielle Logo vum Festival presentéiert. Dat war och déi éischt Editioun, wou net nëmme Bands, mä och DJ'en opgetruede sinn.

  • 2 Times Wasted
  • Abigail Shark
  • Agent of Atlas
  • An Early Cascade
  • ANX 74
  • Avastar
  • Babyoil
  • Backyard
  • Bartosz Brenes
  • Black Out Beauty
  • Christal and Crack
  • Cico
  • Crashzendo
  • Cyclorama
  • De Läb
  • Desdemonia
  • Die Kafkas
  • DJ Bionicle
  • DJ Dee
  • DJ Foolproof
  • DJ Max
  • DJ Sav
  • DJ VZ
  • DJ-Bionicle
  • Do Androids Dream Of Electric Sheep?
  • Don Simon
  • Dr Gonzo
  • Dreamcatcher
  • Dropjaw
  • Electroholix
  • Everwaiting Serenade
  • Extinct
  • fal'{CER}o
  • Falling Promises
  • Flapps
  • Flashy Rock
  • Go Faster Nuns
  • Good for Cows
  • His Statue Falls
  • Jaya The Cat
  • Kitshickers
  • Last Crime Nation
  • Le Cabaret Sauvage
  • Lincoln Hawk
  • Llynch
  • Medley Jukebox
  • Megaira
  • Miles to Perdition
  • Natas Loves You
  • Notoriety
  • P.O. Box
  • Parachutes
  • Park Lane
  • Pat Cruz
  • Petrograd
  • Quentin Lagonza
  • Retrace My Fragments
  • Revolutionary Road
  • Rough He Looking for Romantic She
  • Rude Revelation
  • Sad but True
  • Scarlet Anger
  • DJ Bazooka
  • Sixpax
  • Sliver
  • Smooth Lee
  • Spiral End
  • Spy Kowlik
  • Stepback
  • Take Me Underground
  • Tasso & Mitch
  • The Barcodes
  • The Burden
  • The Disliked
  • The Jacob Conspiracy
  • The Zooeys
  • Theodor
  • Versus You
  • Thoughts of the 4
  • Tvesla
  • Van-H & Billy soul
  • Weakonstruction
  • Yegussa

2010[änneren | Quelltext änneren]

Déi 4. Editioun vum Festival huet 3 Deeg gedauert, an zwar vum 21. bis den 23. Mee. Am Ganze sinn iwwer 90 Bands opgetrueden. Headliner waren déi spuenesch Ska-Band The Locos an déi New Yorker Ska-Punk-Band Star Fucking Hipsters. Méi wéi 6000 Spectateure waren um Rendez-vous.

a vill aner.

2011[änneren | Quelltext änneren]

Déi 5. Editioun vum Festival huet 3 Deeg gedauert, an zwar vum 27. bis den 29. Mee. Am Ganze sinn iwwer 80 Bands opgetrueden. Headliner waren déi däitsch Deathmetal-Band We Butter The Brad With Butter, d'Electro-Punk-Band Frittenbude an d'Punk-Rock-Band Turbostaat. Méi wéi 4500 Spectateure waren um Rendez-vous. Lues a lues etabléiert sech de Festival als Festival mat internationaler Renommée.

a vill aner.

2012[änneren | Quelltext änneren]

Och déi 6. Editioun huet nees 3 Deeg gedauert, vum 25. - 27. Mee 2012. Op 3 Büne sinn déi follgend Gruppen opgetrueden:

Den 1. Dag:

  • Velvet Vertigo
  • Lawyers Guns 'n' Money
  • Natas Loves You
  • Roscoe
  • Go Back to the Zoo
  • Kraftclub
  • Supershirt
  • Maxwell George
  • Pascal vu Wolz
  • Taste of Liberty
  • Selfcontrol
  • Projekt 54
  • Till We Drop
  • Talco
  • The Convertibles
  • Say Yes Dog
  • Sun Glitters
  • Don't Feed Us...
  • No Metal in This
  • Mount Stealth
  • Eisberg
  • Dub Trio
  • Eskimo Callboy
  • Microship
  • DJ Andrew Martin

Den 2. Dag:

Den 3. Dag:

  • Lucy
  • Keebo
  • Möfahead
  • Kate
  • Alamo Race Track
  • The Inspector Cluzo
  • The Hundred in the Hands
  • Flying Orkestar
  • DJ Dee
  • DJ Pikay
  • Blackbox
  • Weekend Trips
  • Scene Writers
  • Dream Catcher
  • Talking to Turtles
  • Illbilly Hitec
  • Phrasenmäher
  • Envy
  • Twisted Frequencies
  • DJ Theodor
  • Tuys
  • All the Way Down
  • The Jacob Conspiracy
  • Open Seas
  • Love A
  • Adoptees
  • Flight and Fires
  • This Town needs Guns
  • T the Boss
  • Fedelux

2013[änneren | Quelltext änneren]

Déi 7. Editioun gouf dat Joer fir d'éischt Kéier op Biissen verluecht an huet nees dräi Deeg gedauert, vum 17. - 19. Mee 2013. Op 3 Büne sinn déi follgend Gruppen opgetrueden:

Den 1. Dag:

  • BRNS
  • Cayucas
  • Compuphonic
  • Diario
  • DJ Radic
  • Fox
  • Heart in Hand
  • Heights
  • Ice Cream Cathedral
  • In Circles
  • Los Dueños
  • Mambo Schinki
  • Order of the Oceans
  • Rangleklods
  • Robin Sukroso
  • Seed to Tree
  • Sonic Boom Six
  • The Devilles
  • Versus You
  • Why We Failed

Den 2. Dag:

Den 3. Dag:

  • Balthazar
  • Beat Culture
  • Box Social
  • Daniel Norgren
  • David Mourato
  • De Läb
  • Elysian Gates
  • Ewert and the two Dragons
  • Giraffage
  • Honningbarna
  • Hopesound
  • Impact Hour
  • Jacco Gardener
  • Lucy spillt um Späicher mam Däiwel
  • Maka MC
  • Make Some Noize
  • P.O. Box
  • SAM
  • Slow Magic
  • The Barcodes
  • The Computers
  • The Disliked
  • The Experimental Tropic Blues Band
  • The Fitness
  • The Lungs
  • The Majestic Unicorns From Hell
  • The Neverminds
  • Thoughts of the 4
  • XXYYXX
  • Young Rival

2014[änneren | Quelltext änneren]

Déi 8. Editioun war nees dräi Deeg, an zwar vum 25. - 27. Juli 2014 zu Biissen.

Den 1. Dag:

  • Käptn Peng & die Tentakel von Delphi
  • Mutiny on the Bounty
  • Kate Tempest
  • Findlay
  • Say Yes Dog
  • La Fanfare Couche Tard
  • Bilderbuch
  • Bottled in England
  • Ill-Effect
  • Dena
  • Unkoban
  • T the Boss
  • Kitshickers
  • Apologies I have None
  • Sad But True
  • Fuck Art, Lets Dance!
  • Only Two Sticks
  • Annenmaykantereit
  • Bonaparte
  • Alle Farben
  • Kadavar

Den 2. Dag:

Den 3. Dag:

  • Serge Tonnar & Legotrip
  • Milky Chance
  • Deez Nuts
  • Son Lux
  • La Femme
  • Lucy Rose
  • Tuys
  • Eagulls
  • Scarlet O'Hanna
  • Devil in Me
  • Brutality Will Prevail
  • Everwaiting Serenade
  • Order of the Oceans
  • Ays
  • Charlotte
  • Jara
  • De Roude Fuedem
  • Rufus Ready
  • Me in a Million
  • Kingsway
  • DJPikay
  • Roundabout
  • All Reitz Reserved
  • Blood to Prove
  • Böfs
  • Lisa

2015[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll gouf de Festival a senger Form, wéi e bis ewell war, ofgesot, well keng Plaz konnt fonnt ginn, déi den Ufuerderungen entsprach huet. Als Alternativ gouf an de Rotonden e Festival mam Numm Capital Sounds op d'Been gesat, deen do vum 24. bis de 26. Juli 2015 mat enger 25 Bands ofgehale gouf. Dorënner sinn: Mighty Oaks, Wanda, de Jack Garratt, Monophona, Natas Loves You, den Dillendub-Trio, Wallace Dace a Cyclorama. [4]

2017[änneren | Quelltext änneren]

Déi 9. Editioun vum FFYS war vum 4. bis 6. August um Kierchbierg.

Follgend Gruppe sinn opgetrueden:

  • De Läb Orchestra
  • Allah-Las
  • Scarred
  • La Fanfare Couche-Tard
  • Paus
  • Elektro Guzzi
  • All the Way Down
  • Otzeki
  • Fil Bo Riva
  • Voodoo Jürgens
  • The Kooters
  • Oum Shatt
  • Desk
  • Rikas
  • Ryvage
  • Kuston Beater
  • Mike Tock
  • Disko Dockal
  • Goat
  • WhoMadeWho
  • Los Dueños
  • Bukahara
  • When 'Airy Met Fairy
  • 47soul
  • Edsun
  • Alice Merton
  • Napoleon Gold
  • Brutus
  • The Lips
  • White Wine
  • Schëppe Siwen
  • Kerala Dust
  • Räpzodi
  • Blanket Hill
  • Kompere
  • The Choppy Bumpy Peaches
  • Seekers
  • Royal Circus
  • Dim Trich
  • Annenmaykantereit
  • Tash Sultana
  • Warhaus
  • Golden Dawn Arkestra
  • Urban Voyage
  • Sascha Ley & Laurent Payfert
  • Martin Kohlstedt
  • Bartleby Delicate
  • Rilan & The Bombardiers
  • Autumn Sweater
  • Helado Negro
  • Filiband
  • Hannah Epperson
  • Charlotte Bridge
  • Cosmokramer
  • Trappers
  • Kornelius Flowers
  • Kopla Bounce
  • Isaac
  • Wispo

Am Januar 2018 ass annoncéiert ginn, datt et dat Joer keng Editioun vum Festival sollt ginn.[5]

2019[änneren | Quelltext änneren]

Déi lesch Editioun vum FFYS war de Weeekend vum 25. a 26. Mee 2019 um Kierchbierg. Ënnert dem Titel "Funeral Feast" sinn haaptsächlech lëtzebuergesch Gruppen opgetrueden.[2]

Déi bekannt Lëtzebuerger Rockgrupp Eternal Tango, déi sech 2012 opgeléist hat, huet fir de FFYS 2019 e klenge Comeback gemaach.[6]

Follgend Gruppe sinn 2019 opgetrueden:[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 lessentiel.lu: Aus für Musikfestival «Food for your Senses» (2. Dezember 2018)
  2. 2,0 2,1 2,2 wort.lu: Das "Food For Your Senses" Line-up ist da (17. Mee 2019)
  3. wort.lu: Zukunft für „Food For Your Senses" auf dem Kirchberg (12. Oktober 2016)
  4. wort.lu: Capital Sounds sur les rails. (4. Juni 2015).
  5. journal.lu: Kein „Food For Your Senses“ 2018 (29. Januar 2018)
  6. paperjam.lu: Food For Your Senses, la dernière! (24. Mee 2019)
  7. tageblatt.lu: Das beste kommt zum Schluss: Das gibt es beim letzten „Food For Your Senses“-Festival (17. Mee 2019)